Den amerikanesche President huet um 10.21 Auer eiser Zäit op Truth Social bestätegt, dass d’USA Venezuela attackéiert hunn. De President Nicolas Maduro a seng Fra wiere festgeholl an aus dem Land geflu ginn. Den Donald Trump huet d’Operatioun live gekuckt, et wier “wéi eng Tëleesshow” gewiescht. De Maduro wär am Schlof vun den US-Truppen iwwerrascht ginn. Hien hätt nach probéiert, bei säi Safe Room ze lafen, hätt awer d’Dier net méi hannert sech zou kritt.
Beim Asaz wären US-Amerikaner blesséiert ginn, awer net ëmkomm. Venezuela huet sengersäits doudeg Zaldoten an Zivilsten beklot.
Den Nicolas Maduro soll dem Trump no fir seng “Verbriechen” zur Rechenschaft gezu ginn. Hie war an den USA schonn 2020 wéinst Drogenhandel ugeklot ginn. Fox News géintiwwer sot den Trump hie géif kengem Member vun der aktueller Regierung et erlaben, de Posten vum Maduro z’iwwerhuelen.
Nom Ugrëff op d’Land wëllen d’USA Venezuela fir d’éischt selwer féieren. Dat huet den US-President bei enger Pressekonferenz a Florida erkläert. D’Land wär um Buedem a misst nees opgebaut ginn. Dem Trump no wéilten d’US-amerikanesch Investisseuren a Venezuela Milliarden investéieren. D’Pëtrols-Infrastruktur misst nees opgebaut ginn.
Op der Pressekonferenz huet den US-President d’Militäroperatioun an de fréie Moiesstonnen Lokalzäit zu Caracas gelueft. Se wär breet ugeluecht a gutt geplangt gewiescht. Keen US-Zaldot wär doutgemaach ginn a keen Equipement verluer gaangen.
Dës Foto vum Nicolas Maduro gouf um 17.30 Auer um Samschdeg vum Donald Trump iwwer Truth Social gepost

D’US-Justizministesch Pam Bondi huet op X matgedeelt, dass den Nicolas Maduro a seng Fra Cilia Flores am Southern District zu New York ugeklot ginn. Géint den Nicolas Maduro lafe Kloe wéinst Verschwörung am Kader vun Narco-Terrorismus, Kokain-Import a Besëtz vu Maschinnegewierer, déi och sollte géint d’USA agesat ginn. Si huet dann och net mat Luef fir de Courage vum US-President Trump gespuert.
Fir d’Friddensnobelpräis-Laureatin Maria Corina Machado ass et den Dag vun der Fräiheet fir de Venezuela. Si fuerdert international Gerechtegkeet géint de Maduro, ënnerstëtzt d’Aktioune vun den USA a versprécht Reformen, Fräiheet fir politesch Gefaangen an en Neibau vum Land.
Den Diktator hat mat Ausnam vu Russland, China an Iran kaum Sympathisanten oder Alliéierter. Iwwert e Joerzéngte laang hat de Nicolás Maduro d’Populatioun vu sengem Land terroriséiert. Mord, Folter, sexuell Gewalt an arbiträr Prisongsstrofe géint seng politesch Géigner konnten an Dausende Fäll nogewise ginn a vill Oppositioneller hale sech verstoppt oder liewen am Exil. Hien hat sech duerch nogewise Manipulatioun vum Walresultat a Venezuela d’lescht Joer un der Muecht gehalen. De Maduro wor 2013 dat schwéiert Ierwe vu sengem Virgänger Hugo Chávez ugetrueden, konnt awer all d’Sympathie fir säi Mentor net behalen.
D’Vizepresidentin vu Venezuela Delcy Rodríguez huet op der Tëlee erkläert, et wiere souwuel Zaldoten, wéi och Ziviliste bei der amerikanescher Attack ëm d’Liewe komm. Vun der New York Times heescht et, op amerikanescher Säit wiere keng Affer ze bekloen. Si soll elo mat der US-Regierung a Kontakt stoe fir bei der US-Iwwernam vum Land bis zur Transitioun ze hëllefen.
Den Ausseminister Yvan Gil huet par konter op Telegram wësse gedoen, dass een eng Drénglechkeetssëtzung vum UN-Sécherheetsrot ugefrot huet, dat wéinst der krimineller Aggressioun vu sengem Heemechtsland duerch d’US-Regierung. Et wier d’Aufgab vum UN-Sécherheetsrot, d’Vëlkerrecht oprecht ze erhalen.
D’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet op X matgedeelt, dass si mam US-Ausseminister Marco Rubio an dem Ambassadeur zu Caracas geschwat hätt. D’EU géif d’Situatioun am Venezuela genee observéieren. D’EU hätt ëmmer nees betount, dass den Nicolas Maduro keng Legitimitéit huet, an et hätt ee sech fir e friddlechen Iwwergang agesat. Ënner allen Ëmstänn missten d’Prinzippie vum internationale Recht an der UNO-Charta respektéiert ginn.
Spuenien huet zu enger Deeskalatioun a Venezuela opgeruff. D’Vëlkerrecht an d’UN-Charta misste respektéiert ginn, esou d’Erklärung vum spueneschen Ausseministère. Parallel huet d’Regierung zu Madrid hir Hëllef ugebueden, fir duerch Verhandlungen zu enger friddlech Léisung an der aktueller Kris ze kommen.
De kolumbianesche President Gustavo Pedro huet ugefrot, datt d’Vereenten Natioune sech mat der Situatioun am Nopeschland Venezuela beschäftege sollen. Et bereet ee sech iwwerdeems elo schonn op eng potentiell Well vu Flüchtlingen aus dem Nopeschland vir.
Russland huet déi amerikanesch Attack op Venezuela däitlech verurteelt. Et wier zu déifst beonrouegend a verwerflech, huet de russeschen Ausseministère zu Moskau erkläert. Et géif keng Rechtfäerdegung fir déi arméiert Aggressioun.
Änlech Téin kommen aus dem Iran. Et wier eng “eklatant Verletzung vun der nationaler Souveränitéit an territorialer Integritéit”, esou den iraneschen Ausseministère. Den Iran huet den UN-Sécherheetsrot opgefuerdert direkt ze handelen, fir déi onrechtméisseg Aggressioun ze stoppen an déi Responsabel zur Rechenschaft ze zéien. Den Iran ass en enke Partner vu Venezuela.
Den argentinesche President Javier Milei huet déi amerikanesch Militäroperatioun iwwerdeems gelueft.
Fir de President vu Brasilien Lula ass dës Operatioun inakzeptabel. Hie verurteelt déi militäresch Aktiounen a Venezuela als Verletzung vum internationale Recht, warnt virun Eskalatioun a rifft d’international Gemeinschaft dozou op, iwwer Dialog a Kooperatioun ze reagéieren
Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten huet an engem Post op sengem perséinleche Facebook-Account d’Virgoe vun den USA am Venezuela mat deem vu Russland an der Ukrain verglach. Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten erënnert, dass d’Vëlkerrecht just bei Selbstverdeedegung oder eben mat engem UNO-Mandat, Gewalt géint en anere Stad legitiméiert.
Fir den Deputéierten vun déi Lénk David Wagner ass d’Attack vun den USA e kloert Verbrieche géint d’Vëlkerrecht.
Hei d’Schreiwes vun Déi Lénk:
Och déi Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform kritiséiert dat US-amerikanescht Virgoen. An engem Communiqué heescht et, egal wéi een zum venezuelanesche Regime stoe géing, hätten d’USA militäresch Gewalt ouni Mandat vun de Vereenten Natiounen agesat an esou d’Vëlkerrecht mëssuecht.
Eng Partie US-Parlamentarier hu sech schonn zu Wuert gemellt an a Fro gestallt, ob deen Asaz gerechtfäerdegt war. Den demokratesche Senator vun Arizona, da Ruben Gallego schwätzt op X vun engem illegale Krich. Et wier fir sech ze schummen, dass d’USA sech vum Weltpolizist zum Weltmobber entwéckelt hätten. Et géif kee Grond ginn, wisou ee mat Venezuela sollt am Krich sinn.
Och den republikanesche Senator Mike Lee aus dem Utah huet Zweiwel gewisen. Hie wier gespaant gewuer ze ginn, ob iwwerhaapt iergendeppes dovunner verfassungsrechtlech ze rechtfäerdege wier, wann ee bedenkt, dass et keng Krichserklärung gëtt an och keng Autorisatioun fir den Asaz vu militärescher Gewalt.
Spéider huet de Mike Lee nach geschriwwen, e wier a Kontakt mam Ausseminister Marco Rubio an deen hätt him verséchert, et géif kee weideren Asaz am Venezuela ginn, elo wou de Maduro an der Gewalt vun den USA wier. De Maduro géif elo an den USA viru Geriicht gestallt ginn.
Géint 2 Auer Lokalzäit waren an der Haaptstad vu Venezuela Caracas haart Explosiounen an de Kaméidi vu Fligeren ze héieren. D’Journaliste vun direkt e puer Noriichtenagencen haten dëst confirméiert.
D’venezuelanesch Regierung huet da mëttlerweil och via Schreiwes matgedeelt, dass den Ausnamezoustand ausgeruff gouf.
Op de soziale Medien si Fotoen zirkuléiert, déi Helikoptere iwwer der Stad weisen. Dobäi soll et sech ëm Chinook-Maschinne handelen, déi vum US-Militär agesat ginn. Den Tëschefall huet géint 2 Auer lokal Zäit ugefaangen. Op Videoe sinn Explosiounen an Dampwolleken ze gesinn. Am südlechen Deel vu Caracas, net wäit vun enger grousser Militärbasis, ass d’Stroumversuergung ausgefall. D’Noriichtenagence AP huet vun op d’mannst 7 Explosioune geschwat.
D’venezuelanesch Noriichtenagencen “Efecto Cocuyo” an “Tal Cual Digital"hate gemellt, dass Explosiounen am Bundesstaat La Guaira nërdlech vu Caracas, grad ewéi zu Higuerote, enger Stad un der Küst vum Bundesstaat Miranda, ronn 100 Kilometer ëstlech vu Caracas ze héiere waren.
Viru kuerzem hat den amerikanesche President Trump nach den Asaz vu Buedemtruppen a Venezuela net ausgeschloss, dat nodeems d’USA an de leschte Méint ëmmer nees Schëffer virun der Küst vu Venezuela ugegraff hunn, an deenen, wéi si soen, Drogen transportéiert gi sinn. Bei de ronn 30 Ugrëff si bis ewell iwwer 100 Leit ëm d’Liewe komm. Der US-Regierung no wieren dëst Drogenhändler an Terroristen.
Wärend der éischter Amtsperiod vum Donald Trump war de Maduro vun engem Geriicht zu New York ënnert anerem wéinst Drogenhandel a Korruptioun ugeklot ginn. Den Ausseministère hat eng Belounung vu 50 Milliounen Dollar ausgesat, fir Indicen, déi zur Verhaftung oder Verurteelung vum Maduro géife féieren.
Aus dem Archiv