
Ugefaange mam Staatsministère, deen an engem Communiqué schreift, datt een d’Situatioun genee suivéiert. D’Regierung ënnersträicht, datt een, zesumme mat der EU, de Maduro-Regime schonn dacks wéinst de Mënscherechtsverletzungen an der Ënnerdréckung vun den Oppositiounsparteien verurteelt huet. Se rifft awer dozou op, elo eng roueg a friddlech Léisung fir de Konflikt ze fannen. D’EU kéint hei eng wichteg Roll spillen, zesumme mat lokalen an internationale Partner, dorënner och mat den USA. Déi venezuelanesch Populatioun sollt net nach zousätzlech musse leiden.
Vum Ausseministère heescht et, datt den Ament eng 20 Lëtzebuerger uginn hunn a Venezuela ze liewen. Vun deenen hätt bis elo nach keen eng Demande fir Hëllef gestallt.
Och an eise Nopeschlänner gouf op d’Entmuechtung vum Maduro reagéiert: Den däitsche Bundeskanzler Merz huet gewarnt, datt elo keng politesch Onstabilitéit a Venezuela dierft entstoen. De Maduro hätt säi Land duerch Verstréckungen am Droge-Geschäft an d’Verdierwe gefouert, et bräicht dowéinst elo demokratesch Walen fir eng legitim Regierung am Land ze hunn.
De franséische President Macron huet erkläert, datt Venezuela elo vun der Diktatur vum Nicolas Maduro befreit gi wier a sech dofir ausgeschwat, datt den Edmundo Gonzalez Urrutia, dee jo Experten no bei de Presidentiellen 2024 d’Wale géint de Maduro gewonnen hat, elo ee friddlechen Iwwergang sollt sécher stellen.
Iwwerdeems huet déi Chineesesch Regierung d’USA opgefuerdert, de Maduro direkt nees fräi ze loossen.
D’italieenesch Ministerpresidentin Giorgia Meloni war der Meenung, dass en extern militärescht Virgoen net de richtege Wee wier, fir en totalitäre Regimm op en Enn ze bréngen. Si huet allerdéngs betount, dass hir Regierung en “Agräife vun defensiver Natur” géint hybrid Attacken op déi eege Sécherheet fir legitim hält, zum Beispill wa staatlech Acteuren den Drogenhandel an engem anere Land fërderen.
De brittesche Premier Starmer huet op X geschriwwen, et géif een der Maduro-Herrschaft keng Tréin nokräischen. En huet allerdéngs betount, dass Groussbritannien net um Militärasaz bedeelegt war. Et géif ee sech an de kommenden Deeg mat den USA beroden, well ee e sécheren a friddlechen Iwwergang zu enger legitimmer Regierung géif ustriewen, déi de Wëlle vum venezuelanesche Vollek erëmspigelt.