Nordirland an TrauerDe fréiere Regierungschef David Trimble am Alter vu 77 Joer verstuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Co-Architekt vum "Good Friday Agreement" ass e Méinden no laanger a schwéierer Krankheet entschlof.
© afp

Dem nordiresche Politiker, deen am Joer 1998 de Friddensnobelpräis gewanne konnt, war et gelongen, en Accord tëscht der irescher Regierung, der brittescher Regierung an den nordiresche Parteien zum Thema Nordirlandkonflikt op d’Been ze stellen.

Domadder konnt an Nordirland eng Wafferou tëscht den iresche Republikaner an den Ulster-Loyalisten agefouert ginn an déi nordiresch Bevëlkerung zënterhier an engem friddleche “Modus vivendi” zesummeliewen.

Den David Trimble war vun 1995 bis 2005 President vun der Ulster Unionist Party (UUP) a vun 1998 bis 2002, mat zwou klengen Ënnerbriechungen, Premierminister vun Nordirland. Doriwwer eraus war hien den éischten UUP-President, deen sech no 30 Joer mam iresche Regierungschef fir Negociatiounen zu Dublin getraff hat.

Iresch, brittesch an nordiresch Politiker ware sech no der Annonce vum Doud vum Trimble eens: Den David Trimble war ee vun de wichtegste Politiker an der Geschicht vum brittesche Kinnekräich, dee villes dozou bäigedroen huet, datt d’Bevëlkerung op der brittescher Insel friddlech zesummeliewe kann.

Back to Top
CIM LOGO