Covid a ChinaDe Lockdown zu Shanghai aus der Siicht vun eiser RTL-Korrespondentin

RTL Lëtzebuerg
An Europa hieft ee Land nom aneren d’Covid-Mesuren op. D’Liewe mat Covid zu Shanghai ass ouni Zweiwel awer sou wéi néirens anescht...
© Anne Wang

China hält weider u senger Null-Covid-Strategie fest. Eis Korrespondentin Anne Wang zu Shanghai huet selwer erlieft wat dat bedeit.

Eng Korrespondenz vum Anne Wang

Wärend de Rescht vun der Welt vun ëmmer neie Covidwellen iwwerschwemmt gouf, hu mir an enger relativ Covid-fräier Blos gelieft. Fitness-Studioen, Baren a Restaurante sinn all op, a kulturell Aktivitéite gi mat just wéineg Restriktioune weider. Dat alles duerch déi chineesesch Null-Covid-Politik. Déi meescht hunn d’Land zanter 3 Joer net méi verlooss. Infektiounsfäll gi knallhaart zentraliséiert an a Quarantän gesat. Et ass erstaunlech, wéi séier ee sech mat e bësse méi Kontroll offënnt, wann dat engem méi Fräiheet am Alldag gëtt. Bis et ee selwer erwëscht.

Via Megaphon kënnt d’Annonce. Ouni Virwarnung gëtt engem matgedeelt, datt ee wéinst dem Corona-Ausbroch zu Shanghai fir déi nächst 48 Stonnen net méi aus dem eegenen Appartementshaus raus dierf. Ronn 2.000 Leit si concernéiert. A mir sinn net déi eenzeg. Iwwerall an der Stad spillt sech den nämmlechten Zenario of. Wat uganks 48 Stonne sollt daueren, zitt sech iwwer 6 Deeg. Informatioune kréien ass onméiglech. Alles schéngt vun Dag zu Dag vun enger méi héijer Entitéit entscheet ze ginn, mä kee weess genee wien a wisou. Transparenz war nach ni eng Stäerkt hei am Land. Déi eenzeg Konstant sinn déi alldeeglech PCR-Tester. Trotz Roserei a Frustratioun, muss ech och bewonneren, wéi effikass alles fonctionéiert. No nëmme 4 Stonnen hunn eng ronn Dose Volontairen 2.000 Bewunner getest an no weideren 3 Stonne sinn d’Resultater schonn do.

Zanter zwee Deeg dierf ech mat engem “Covidpass” a menger Mask erëm virun d’Dier. Mä den éischten Tour mam Vëlo féiert mech duerch eidel Stroossen, wat an dëser 26 Milliounen Awunner Stad ni virkënnt. Obwuel ech mech no enger Woch a menger 70 Quadratmeter-Wunneng befreit fillen, fillt sech meng Stad, an där ech zanter iwwer 4 Joer wunnen, ugespaant an ominéis un. Jidderee waart op den nächste Lockdown, d’Sozial Netzwierker lafen op Héichtouren a Regaler a Butteker sinn eidel. Wat fir Leit doheem extrem kléngt, ass fir mech antëscht Normalitéit. No e puer Joer a China gewinnt ee sech un de Gedanken, a sou Momenter net wierklech vill Choix ze hunn an déi gutt Momenter dertëscht ze genéissen.

Back to Top
CIM LOGO