Sanna MarinDe Partyvideo vun der finnescher Premierministesch kritt keng Suitten

RTL Lëtzebuerg
Déi puer Dose Plainten, déi agereecht goufen, goufen zeréckgewisen.

Den zoustännege finnesche Justizkanzler gesäit kee falscht oder illegaalt Verhalen an d’Politikerin hätt och hir offiziell Tâchen net vernoléissegt a se hätt deenen och net geschuet.

E private Video, op deem déi 36 Joer al Regierungscheffen danzt a feiert, war ronderëm d’Welt gaangen. An der Suite gouf et grouss Diskussiounen, wéi Politiker sech am Privatliewen ze behuelen hunn. D’Meenunge goungen an där Saach total auseneen.

Back to Top
CIM LOGO