
De Präis fir d’Nordséizort Brent, dee fir eis d’Referenz ass, klëmmt ëm iwwer 5 Prozent op 103,06 Dollar. Do virdrun hu Russland an de Westen hir Sanktiounen am Sträit ëm den en Donneschdeg ugefaangene russesche Krich géint d’Ukrain däitlech verschäerft.
De britteschen Energieris BP huet bekannt ginn, dass e seng 19,75-prozenteg Bedeelegung um russeschen Uelegkonzern Rosneft opgëtt.
Saudi-Arabien huet iwwerdeems bekräftegt, un der Allianz mat Russland am Kader vun der Opec+ wëlle festzehalen. Opec+ besteet aus 13 Memberlänner: vun der vu Saudi-Arabien agefouerter Opec, sou wéi 10 weider Partner, zu deenen och Russland gehéiert. E Mëttwoch wëllen d’Membere vun der Opec+ bei enger Telefonskonferenz iwwer eng méiglech Hausse vun der Produktioun vu 400.000 Barrel den Dag beroden. Dat sollt awer keng grouss Inzidenz op d’Präisser hunn.