
Hie géif awer weider ënner Beobachtung bleiwen, heescht et an engem Schreiwes vum President sengem Dokter. De President kéint elo, ronn 10 Deeg nodeems éischt Symptomer opgetruede waren, aus senger fräiwëlleger Quarantän eraus, heescht et weider.

De President hätt zanter iwwer 24 Stonne kee Féiwer méi an d’Symptomer hätte sech vun Dag zu Dag verbessert. De Conley huet awer net gesot, wéi eng Symptomer nach a wéi engem Mooss festzestelle wieren.
E Samschdeg huet den Donald Trump iwwerdeems schonn eng Ried vum Balcon vum Wäissen Haus gehalen, fir e puer Honnert vu senge Supporter. Et géif him gutt goen, esou de President. Gläichzäiteg huet hie viru sengem demokrateschen Erausfuerder gewarnt, dëse wier net fäeg d’Land ze regéieren.

