"Am Interessi vum Land"De President vu Paraguay, de Santiago Peña, trëtt wéinst Bank-Skandal zeréck

AFP, iwwersat vun RTL
De Santiago Peña hat bis zejoert nach Undeeler un engem Grupp vun Entreprise gehalen, déi ënnert anerem och d'Bank Ueno kontrolléiert.
© LUIS ROBAYO/AFP

Wéinst engem Bank-Skandal an am Kader vun ëmmer manner Support vun Deputéierten aus senger konservativer Colorado-Partei, huet de President vu Paraguay, de Santiago Peña en Donneschdeg säi Récktrëtt erkläert.

"Ech maachen dëst am Interessi vun der Stabilitéit vun eisem Land", sou de rietse Politiker. Nach wärend der Récktrëttserklärung huet sech d'Parlament mat enger Motioun vun der Oppositioun befaasst, bei där et ëm eng Amtsenthiewungsprozedur geet, fir déi sech eng grouss Majoritéit ofgezeechent huet.

De Santiago Peña hat bis zejoert nach Undeeler un engem Grupp vun Entreprise gehalen, déi ënnert anerem och d'Bank Ueno kontrolléiert. Dës gouf en Dënschdeg wéinst Mangel u Kapital vun der Zentralbank ënner eng Zwangsverwaltung gestallt, sou dass Millioune Clienten temporär net un hir Sue komm sinn.

Am Joer 2023 huet de Santiago Peña de Poste vum President am Paraguay iwwerholl, virdru war hie Finanzminister. An hirer Motioun fir eng Amtsenthiewung huet d'Oppositioun dem 47 Joer ale Politiker am Zesummenhang mat de Geschäfter vun der Bank Ueno Interessekonflikter an d'Bevirdeelegung vum Institut duerch regulatoresch Decisioune virgehäit.

Back to Top
CIM LOGO