Déi sozial Onzefriddenheet a Frankräich hält un: Op d'mannst 270.000 Leit sinn en Donneschdeg nees am Land op d'Stroosse gaangen, fir fir besser Konditiounen a Schoulen an an Universitéiten a fir méi héich Gehälter ze demonstréieren.
Ënnert anerem zu Paräis, awer och op anere Plazen a Frankräich, hunn d'Demonstranten eng Gedenkminutt fir d'Affer vun enger rassistescher Attack gehalen. Eng Persoun ass virun zwou Wochen bei Paräis ëmkomm, weiderer goufe blesséiert.
Schonn am Laf vum Moie hu sech Sécherheetsekippen a verschidden Demonstrante gewaltsam Ausernanersetzunge geliwwert. Wéi den Inneministère matdeelt, ware bis 13 Auer en Donneschdeg am ganze Land iwwer 270.000 Leit bei de Protester dobäi. Och d'Gewerkschaften hunn eng änlech héich Zuel genannt. Am Ganze rechnen d'Autoritéiten am Laf vum Dag mat iwwer 80.000 Demonstranten zu Paräis, am Recht vum Land geet ee vu bis zu 700.000 Demonstranten aus.
An der franséischer Haaptstad hunn dann och e puer Presidentschaftskandidaten un den Demonstratiounen deelgeholl, dorënner de Lénkspopulist Jean-Luc Mélenchon an d'Marine Tondelier vun der grénger Partei. De Sozialdemokrat Raphaël Glucksmann gouf ausgepaff an huet kuerz drop d'Demo nees verlooss.
D'Protester déi zënter Wochen elo schonn unhalen, markéiere massiv de Presidentschaftswalkampf a Frankräich. Am Moment huet d'Rietspopulistin Marine Le Pen jo déi beschten Aussiichten op eng Victoire bei de Walen.
Ënnert anerem verschidde Syndikater hunn zu Streikaktiounen opgeruff, notamment d'Eisebunner-Gewerkschaften.Et ginn ënner anerem Lounerhéijunge gefrot.
Wéinst dem Streik kann et zu Problemer um Zuch-Reseau kommen. Och d'CFL maachen op hirem Site op Perturbatiounen opmierksam.
Op der Streck Lëtzebuerg-Metz wier mat Retarden an Annulatiounen ze rechnen.