Weltwäit Associatioun vun den DokterenDe President vun der WMA Ulrich Montgomery (D) kritiséiert d'Maskeflicht

RTL Lëtzebuerg
Hie selwer géif zwar aus Héiflechkeet a Solidaritéit eng Mask undoen, mä dat per Gesetz anzefuerdere wär net richteg.

Eng Mask ass jo kee Schutz fir deen, dee se unhuet, mä ka verhënneren, datt anerer ugestach ginn.

Eng Mask wier zwar sënnvoll, seet de President vun de Welt-Dokteren, mä wien eng Mask unhätt, géif gären d’Distanz net méi anhalen. An dat wär dat Allerwichtegst, op d’mannst annerhallwe Meter Ofstand, besser zwee Meter Ofstand halen. Also vuneneen ewech bleiwen.

Vun der nächster Woch un gëllt d’Maskeflicht jo och an Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO