11. Dag KrichDéi aktuell Situatioun an d'Entwécklungen an der Ukrain

Petz Bartz
Déi zwou gréisst ukrainesch Stied Kiew a Charkiw sti weider ënner Beschoss, iwwerdeems an der Stad Mariupol versicht gouf d'Awunner z'evakuéieren.
Déi lescht Entwécklungen an der Ukrain
De Petz Bartz mam Iwwerbléck vum 11. Krichsdag.

1 Stonn a 45 Minutten huet den Emmanuel Macron e Sonndeg mam Vladimir Putin geschwat an och ee Gespréich tëscht dem russeschen an dem tierkesche President Erdogan soll eng Stonn gedauert hunn. Déi gefuerdert Wafferou kënnt awer net, am Géigendeel: Kiew a Charkiw gi weiderhin attackéiert. An der Stad Mariupol, wou ee probéiert d’Awunner z’evakuéieren, beschreift MSF katastrophal Zoustänn an der UNO no si bis ewell annerhallef Millioun Leit aus hirer Heemescht geflücht.

Schonn Wéinst de russesche Verstéiss géint eng Wafferou sinn zu Mariupol e Sonndeg um zweeten Dag, wou d’Rout Kräiz probéiert huet iwwert humanitär Korridoren, eng Evakuatioun vun der Zivilpopulatioun z’organiséieren. Just 300 Awunner sinn erauskomm, vun der hallwer Millioun, déi d’Stad dréngend missten a wéilte verloossen. Honnerte Busse stounge prett, mee d’Leit si ni bis dohi komm. An och zu Irpin, an nordwestlecher Direktioun, just baussent der Stadgrenz vu Kiew, sinn d’Awunner an d’Press bei engem schnelle Réckzuch ënner Beschoss geroden.

Der wäissrussescher Oppositiounscheffin Swjatlana Zichanouskaja no hätt den Diktator Lukaschenko den Uerder iwwert säi wäissrussesche Militär un de Kreml ofginn, och well Zaldote aus Belarus refuséiert hätten, géint ukrainesch Komeroden ze kämpfen. Aus engem Optrëtt op der Staatstelevisioun vu Belarus e leschte Mëttwoch geet awer een interessanten Detail aus enger Kaart ervir. D’Ukrain ass dorop a 4 Verwaltungsbezierker agedeelt, déi bis ewell esou net bestinn. Scho e Samschdeg hat de Vladimir Putin d’Eegestaatlechkeet vun der Ukrain an der Zukunft a Fro gestallt. Mat der Kaart vu Minsk schéngt d’Land elo schonn opgedeelt fir eng Zäit duerno.

Fir de Moment awer ass de russesche Militär an der westlecher Hallschent vum Land iwwerhaapt net vertrueden. Kiew ass wäit ewech. Zu Lwiw, just 60 Kilometer vun der polnescher Grenz, sti jonk a manner jonk Männer prett an der Schlaang, fir sech anzeschreiwen a beim Militär hiren Déngscht ze leeschten an, an den Oste gefouert ze ginn. Fir verschiddener sinn et déi éischt Erfarungen iwwerhaapt un der Waff.

D’Olha Kucher, chrëschtlecht Weesenhaus Zaporizhzhia:

“Mäin Häerz ass zerrass. Et ass esou haart. Wa Familljen esou getrennt ginn... Mir feelen d’Wierder. Et deet mer esou leed fir déi Kanner, si si nach esou jonk.”

No enger Zuchrees vu 24 Stonnen waren 200 Kanner aus engem Weesenhaus zu Zaporizhzhia, bei der rezent attackéierter Atomzentral am Oste vum Land, op Lwiw an de Westen evakuéiert. Elleng e Samschdeg si 65.000 Flüchtlingen duerch déi Gare zu Lwiw duerchgeschleist ginn an Direktioun Westen. Kee vun hinne fräiwëlleg.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO