USADem Trump säin Ex-Beroder ass averstanen, viru Geriicht auszesoen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems hie sech Méint laang geweigert huet, ass de Steve Bannon elo prett, den Amerikaner ze soen, wat hien iwwert den Ugrëff op de Kapitol weess.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/Kevin Dietsc

De fréiere Beroder vum Donald Trump ass averstanen, sech wéinst dem Stuerm op de Kapitol viru Geriicht ze äusseren. Dëst just puer Deeg, éier hie sech muss veräntwerten, well e sech verweigert huet, mam Investigatiounscomité ze kooperéieren.

De Kapitol gouf lescht Joer gestiermt vu Leit, déi der Meenung waren, de Biden hätt d’Wale wéinst Wielerbedruch gewonnen.

Enquêteure sinn der Meenung, datt den Bannon an aner Trump-Beroder hinne kéinte weiderhëllefen, Lienen tëscht dem Wäissen Haus an der Aktioun vun den Trump-Supporter ze maachen.

Obwuel de Bannon kee Mataarbechter vum Wäissen Haus war, ware seng Affekote sou wäit der Meenung, hie wier vum “presidential executive privilege” protegéiert, a misst dowéinst net mam Comité schaffen.

D’Ëmstänn hu sech awer elo geännert. Den Trump mengt, dat Bescht fir d’amerikanescht Vollek wier, wann de Bannon dem Comité géif entgéint goen a viru Geriicht aussoen.

De 68 Joer ale Bannon gouf wéinst zwee Feelverhalen ugeklot, mat jeeweils enger Sanktioun vun engem Mount bis ee Joer Prisong an enger Strof vun 100.000 Dollar.

Back to Top
CIM LOGO