No Onroue wéinst AusgangsspärDemissioun vum tierkeschen Inneminister gëtt vun Erdogan net akzeptéiert

RTL Lëtzebuerg
Grond fir de Récktrëtt waren Onrouen, déi entstane sinn, nodeems e Freideg den Owend eng Ausgangsspär fir d'Awunner annoncéiert gouf.

Dës Ausgangsspär sollt fir déi 30 gréisste Stied an der Tierkei schonn zwou Stonne méi spéit gëllen, wouduerch dausenden Tierken op eemol op de Stroosse waren, fir sech nach Liewensmëttel ze besuergen. Iwwerraschend koum dunn e Sonndeg den Owend d’Annonce vum President Erdogan, dass hien d’Demissioun vu sengem Inneminister Suleyman Soylu net géif akzeptéieren an dass dee mat senger Aarbecht soll virufueren.

Back to Top
CIM LOGO