Onrouen a Sri LankaDemonstrante fanne Boergeld am Präsident sengem Palais

RTL Lëtzebuerg
Demonstrante weigere sech, dem Präsident säi Palais ze verloossen bis hien zerécktrëtt.
© AFP/Arun SANKAR

Nodeems de Präsident vu Sri Lanka aus der Haaptstad Colombo iwwert d’Mier geflücht war, hunn Demonstranten ëmgerechent bal 50.000 Euro Boergeld a senger Residenz fonnt. De Policespriecher sot e Méinden, déi frësch gedréckte 17,8 Millioune Sri-Lanka-Rupie wieren der Police iwwerreecht ginn an den Autoritéiten no gouf och e Koffer voll mat Dokumenter fonnt.

Demonstranten haten e Samschdeg wärend Protester géint d’Regierung dem Präsident säi Palais gestiermt, de Staatschef Gotabaya Rajapaksa war duerch d’hënnescht Dier geflücht. Den 73 Joer ale Politiker huet dono ugekënnegt, hie géif e Mëttwoch wëllen zerécktrieden. Och de Chef vun der Regierung Ramil Wickremesinghe huet säi Récktrëtt ugebueden.

Dem Präsident Rajapaksa säin Openthalt war e Méinden nach onbekannt an d’Demonstranten hu weider säi Palais zu Colombo occupéiert. Hinnen no, géife si sech eréischt zeréckzéien, wann de Rajapaksa e Mëttwoch wierklech zerécktrëtt.

Back to Top
CIM LOGO