IsraelDemonstrante fuerderen de Récktrëtt vum Netanyahu

RTL Lëtzebuerg
An Israel sinn nees Dausende Leit op d'Strooss gaangen, fir géint de Ministerpresident Netanyahu an d'Corona-Politik vun der Regierung ze protestéieren.

Si fuerderen de Récktrëtt vum Ministerpresident. Dobäi hätte si och gréisstendeels all d’Corona-Sécherheetsmesuren agehalen, ausser zu Tel Aviv. Hei sollen Demonstrante mat de Forces de l’ordre unenee gerode sinn a sech och net ëmmer un d’Distanzreegele gehalen hunn.

Den Netanyahu steet wéinst Korruptiounsreprochen a senger Gestioun vun der Corona-Kris zanter Wochen an der Kritik. D’Lescht Woch huet d’Parlament iwwerdeems e Gesetz guttgeheescht, dat am Kader vum Etat d’urgence, d’Demonstratiounsfräiheet limitéiert. No den aktuelle Reegelen dierften d’Leit net méi wäit wéi 1 Kilometer vun hirer Wunneng fort, fir bei enger Demonstratioun matzemaachen.

Israel huet mat méi wéi 280.000 registréierten Infektiounen op ronn 9 Milliounen Awunner ee vun den héchsten Infektiounstauxe weltwäit.

Back to Top
CIM LOGO