
Schilift fuere mat Mask... Als 1. däitsch Schigebitt fänkt op der Zugspitze den 13. November d’Saison un. Mat strikte Corona-Mesuren.
Wann ee mam Lift fiert – egal op an der Seelbunn, am Sessel- oder um Schlepplift – muss jiddereen eng Mask un hunn. Just fir d’Kanner bis 6 Joer gëllt dat net.
Op der Pist däerf een dann de Mond-Nuese-Schutz ausdoen. An et muss een annerhallwe Meter zu den anere Skifuerer anhalen.
Och an Éisträich dierft et änlech sinn. Sölden oder Ischgl hu beispillsweis schonn d’Maske-Flicht am oder um Lift annoncéiert.
Zu Ischgl kritt een zum Beispill e Buff mam Skipass geschenkt.
Rapport: Beim Corona-Krisemanagement zu Ischgl si Feeler geschitt