Olaf ScholzDen däitsche Bundeskanzler ass positiv op Corona getest ginn
Hien huet Erkältungssymptomer, heescht et an enger offizieller Matdeelung. Den däitsche Regierungschef ass elo an Isolatioun.
Verëffentlecht: 26.09.22 12:04, Update: 26.09.22 12:54
Den Olaf Scholz gouf no senger Rees an d'Golfstaate positiv getest. All ëffentlech Rendez-vouse goufen ofgesot. Et ass dem Scholz seng éischt Corona-Infektioun.