USADen Donald Trump huet ugedeit d'Wäisst Haus ze verloossen

RTL Lëtzebuerg
Am Fall, datt d'Walmänner den Joe Biden géifen zum US-President wielen, géif hien d'Wäisst Haus verloossen.
© RTL-Grafik

Den Donald Trump gëtt deemno no, stellt awer Konditiounen. Den aktuellen US-President huet an Aussiicht gestallt, datt en dat Wäisst Haus verloosse wäert. Ënnert enger Konditioun: den Joe Biden misst als President confirméiert ginn.

Den “Electoral College” misst fir den Demokrat stëmmen. Do sinn d’Walmänner dran.

Den Trump huet awer betount, datt hien esou e Vott fir de Biden wéinst „massivem Walbedruch“ fir e Feeler hält.

Den Trump bleift derbäi, d’Wale ware manipuléiert. Zu 100%. Beweiser dofir huet hien awer nach ëmmer keng presentéiert.

Et war iwwregens eng éischte Kéier, datt hie sech de Froe vu Journaliste gestallt huet zanter der Wal den 3. November.

Back to Top
CIM LOGO