Franséisch Presidentiellen 2022Den Emmanuel Macron wënnt mat 58,5 Prozent

RTL Lëtzebuerg
49 Millioune Fransouse waren opgeruff am zweeten Tour vun de Presidentiellen driwwer ofzestëmmen, wien déi nächst 5 Joer un der Spëtzt vum Land soll stoen.
© AFP/Thomas COEX

Am zweeten Tour vun de Presidentielle konnt den Emmanuel Macron sech e Sonndeg den Owend mat um Enn 58,5% vun de Stëmme géint d’Marine Le Pen duerchsetzen.

En zwar däitlecht, mä awer manner grousst Resultat wéi erwaart, wat de Rassemblement national och géif bestäerken, fir weider ze maachen, a virun allem mat Bléck op d’Legislativen am Juni géif hoffe loossen, sot d’Marine Le Pen viru Sympathisanten. Si huet sech no der Defaite kämpferesch gewisen. D’Resultat géif si stäerken. D’Partie wier nach net gelaf, well am Juni nach Parlamentswale géifen ustoen, sou d’Le Pen.

An enger éischter Ried um Champ de Mars zu Paräis sot de Macron e Sonndeg den Owend, dass déi nächst 5 Joer ënnert him anescht wäerte gi wéi dat éischt Quinquennat. Op d’Roserei an d’Onversteesdemech vu ville Fransouse misst een Äntwerte liwweren. Hien huet seng Supporter viru schwierege Jore gewarnt, ma et géif keen am Stach gelooss ginn. Hie wéisst och, datt vill Leit net fir hie gestëmmt hätten, mä fir d’Iddie vun de Rietsextremen ze verhënneren. D’Abstentioun louch iwwregens bei ronn 28% an domadder sou héich wéi zanter 1969 net méi.

Nodeems d’Walresultat bekannt gouf, koum et e Sonndeg den Owend och zu Protester a verschiddene franséische Stied. Zu Lyon sinn dobäi d’Gilets jaunes, lénks Gruppen an d’Police uneneegeroden.

Presidentiellen - Ambiance zu Paräis / Rep. Pierre Jans

D’Entwécklunge vun de Presidentiellen am Liveticker op RTL 5minutes

Charel Goerens: “Et ass eng Victoire mat grousser Bedeitung fir Europa”

De liberalen Europadeputéierten am Interview mam Jeannot Ries zu Paräis:

Andréck vum Champs de Mars mam Charel Goerens.
De liberalen Europadeputéierte ass zu Paräis beim Jeannot Ries.

De Staatsminister Xavier Bettel huet dem alen an neie President iwwer Twitter felicitéiert.

Hei d’Resultater

Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi een Departement gewielt huet.

Back to Top
CIM LOGO