Den offiziellen Zuelen no huet ee bannent de leschten 10 Deeg am Schnëtt 3.500 nei Infektiounen den Dag gezielt an iwwer 200 Doudesfäll. Déi meescht Iraner ginn allerdéngs dovun aus, dass déi Zuelen de wierklechen Ausmooss vun der Pandemie ënnerschätzen.
Ugangs August hat de Regime zu Teheran eng Zeitung zougemaach, well se en Artikel gedréckt hat, wou den iraneschen Epidemiolog Mohammad Reza Mahboobfar gesot huet, déi korrekt SARS-CoV-2-Zuelen am Land léichen 20 Mol méi héich, wéi déi offiziell, mee d’Regierung wéilt d’Bierger roueg halen.
Mëttlerweil gëtt Teheran zou, dass een e Problem huet am Land. Déi offiziell Zuelen, wat déi nei Infektiounen ugeet - grad esou wéi déi vun den iwwer 200 Doudesaffer den Dag - leien elo esou héich wéi ni virdrun. Iran ass an der drëtter Well ukomm. Dëser Deeg huet d’Universitéit vun Teheran hir Dieren erëm zougemaach, och Geschäfter hu missen nozéien an an de Moscheen ass dës Woch d’Freidesgebiet ofgesot.
De Masoud, Awunner vun Teheran:
Ech mengen, ee groussen Deel vun de Leit respektéieren einfach d’Virschrëfte net an den Autoritéiten ass et iegendwou egal. Et gëtt keng Strof. Et gëtt kee gezwongen fir iergendeppes. Et gëtt net eescht geholl, dass d’Leit Masken unhunn, d’Hygiène anhalen an de “Social distancing”, dat gëtt et net.
D’Athena, Studentin zu Teheran:
Ech gi just fir dat Néidegst eraus. Souwäit ech et kann aschätzen, ass et eng eescht Krankheet an ech ginn nëmmen eraus, wann ech onbedéngt muss. An ech roden dat och de Leit a mengem Bekanntekrees.
Fir de President Hassan Rouhani ass et kloer, dass d’Preventioun, den eenzege Wee ass, op deen ee ka goen. De Gesondheetssystem ass och duerch d’Sanktiounen an engem prekären Zoustand a quasi deene virbehalen, déi sech d’Hëllef och kënne leeschten.
Mee d’Regierung stécht an enger Zwéckmillchen. Et ass virleefeg ee Confinement vu just enger Woch geplangt – net laang genuch, fir wierklech de Circuit vun der Verbreedung vum Virus ze briechen, mee kuerz genuch fir am Vollek keng Masseprotester géint d’Regierung auszeléisen.
