
De israeelesche Premier Netanjahu huet nei Attacke géint d'Hisbollah am Libanon annoncéiert, dat trotz enger Wafferou tëscht Israel an dem Libanon. Kuerz virun där Annonce, hu wuel Hisbollah-Leit mat Dronen israeelesch Zaldoten an der Regioun Kantara am Libanon attackéiert. Donieft hätt d'Arméi do e Waffelager vun der radikalislamescher Hisbollah fonnt, mat Panzerofwierrakéiten a Kalaschnikow-Gewierer. Onofhängeg iwwerpréiwe loosse sech dës Informatioune momentan net.