DäitschlandDen RKI mellt eng éischte Kéier iwwer 11.000 Nei-Infektiounen

RTL Lëtzebuerg
Bis elo louch déi héchsten Zuel vun Nei-Infektiounen an Däitschland bei 7.830, an déi gouf de leschte Freideg gemellt.

Déi neisten Zuele vum Donneschdeg de Moie sinn awer bei wäitem méi héich a leien elo bei 11.287.

D’Angela Merkel hat gewarnt, dass d’Zuel vun Nei-Infektioune op iwwer 19.000 klamme kéint. Déi Zuel hält och den däitschen “Ärzteverband” mëttlerweil fir realistesch.

Back to Top
CIM LOGO