
Den US-President Donald Trump huet den Iran virun der Hiriichtung vun Demonstranten, déi festgeholl goufen, gewarnt, a mat enger schaarfer Reaktioun aus den USA gedreet.
“Mir wäerte ganz decidéiert Mesuren ergräifen, wa si esou eppes maachen”, sot den Trump an engem Interview mat dem Sender CBS en Dënschdeg. D’iranesch Regierung huet Washington iwwerdeems virgeheit, ee Virwand fir ee militärescht Agräifen am Iran schafen ze wëllen. Nei Videoen an Online-Déngschter weisen Dosende Läichesäck virun enger Läichenhal südlech vun Teheran.
“Wa si ufänken, Dausende Leit ëmzebréngen, an elo erzielt Dir mir vun Hiriichtungen, da wäerte mer gesinn, wéi sech dat fir si auswierkt”, sot den US-President. Virdrun hat de Parquet zu Teheran annoncéiert, d’Doudesstrof géint e puer “Sträitmécher” ze verhänken, déi bei de rezente Protester festgeholl gi waren. Am leschte Joer sinn Informatioune vun der Mënscherechtsorganisatioun Iran Human Rights (IHR) mat Sëtz an Norwegen no am Iran op d’mannst 1.500 Mënschen higeriicht ginn.
Teheran geheit den USA no dem Trump senge Wieder vir, ee Virwand fir ee militärescht Agräifen am Iran schafen ze wëllen. D’US-Politik vis-à-vis vum Iran wier op ee Regimmwiessel baséiert, woubäi “Sanktiounen, Menacen, kënschtlech orchestréiert Onrouen a Chaos” géife benotzt ginn, “fir ee Virwand fir eng militäresch Interventioun ze schafen”, huet d’iranesch Ambassade bei der Uno en Dënschdeg op X erkläert.
Am Iran ginn d’Autoritéite brutal géint eng Protestwell vir, déi viru méi wéi zwou Wochen opgrond vun der schlechter Wirtschaftslag am Iran ausgebrach war. Si ass mëttlerweil zu enger Massebeweegung géint d’Regierung zu Teheran ugewuess. Der Mënscherechtsorganisatioun Iran Human Rights (IHR) gouf bis ewell den Doud vun op d’mannst 734 Mënsche confirméiert. Dës Zuel baséiert der Organisatioun no allerdéngs just op Informatiounen aus manner wéi der Hallschent vun de Provënzen am Land a wéineger wéi 10 Prozent vun den iranesche Spideeler. “Déi tatsächlech Zuel vun den Doudegen dierft an d’Dausende goen”, sot den IHR-Chef Mahmood Amiry-Moghaddam.
Iranesch Staatsmedie mellen, datt Dosenden Sécherheetsleit vu “Sträitmécher” doutgemaach gi wieren. Fir e Mëttwoch hunn d’Autoritéiten an Teheran een zeremoniellt Massebegriefnes vun de “Märtyrer” annoncéiert.
Méi schwéier gemaach gëtt d’Iwwerpréiwung vun de Berichter vun doudegen Zivilisten duerch d’Internetspär, déi den Iran nach ëmmer vun der Aussewelt ofschneit. Nei Videoen an den Onlinedéngschter, deenen hir Standuerter vun der Noriichtenagence AFP iwwerpréift goufen, weisen Dosende Läichesäck virun enger Läichenhal zu Kahrisak, südlech vun der Haaptstad Teheran. Verzweiwelt Mënsche sichen an den Opnamen no hire Familljememberen.
Den US-Ausseministère huet iwwerdeems am Onlinedéngscht X matgedeelt, déi éischt Hiriichtung vun engem iraneschen Demonstrant wier fir e Mëttwoch ugesat. De 26 Joer ale Mann wier “net dee leschten Demonstrant”, dee vun den Autoritéiten am Iran géif higeriicht ginn, esou den US-Ausseministère op Farsi. Iwwer 10.600 Iraner wiere bis ewell festgeholl ginn. D’Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International huet Teheran opgeruff, all Hiriichtungen direkt ze stoppen.
Och Iraner zu Lëtzebuerg sinn aktuell besuergt ëm hir Familljememberen, déi si wéinst der Internetspär net erreeche kënnen. Den Temoignage vun zwee Betraffene fannt Dir hei.