Wat genee geschitt, also wéi vill Leit op d’Strooss ginn a mat wéi enge Mëttelen d’Autoritéite probéieren, d’Situatioun ënnert Kontroll ze behalen, ass schwéier soen, well nëmme wéineg Informatiounen aus dem Iran erauskommen. Dat ass virun allem ee grousse Problem fir déi Iraner, déi am Ausland wunnen an nach Famill dohannen hunn.
D’Elmira Najafi gouf zwar zu Teheran gebuer, ass awer schonn als Kand mat hiren Elteren op Lëtzebuerg komm. Trotzdeem liewen och haut nach vill vun hire Familljememberen am Iran, dorënner Monnien, Tattaen a Cousinen. Dee leschte Kontakt gouf et en Donneschdeg iwwer Facetime. Dobäi hätten hir Familljememberen d’Situatioun ronderëm d’Protester esou beschriwwen:
“Si hu gesot, et ass vill, si hu gesot, et ass vill méi dat, wat an deene leschte Jore geschitt ass, wéi de Women, Life, Freedom movement war, wéi dat gréngt Fréijoer war, wou och ganz vill Leit op der Strooss waren. Si soten, dat doten hätte si an där Form nach net gesinn, wéi vill Leit op der Strooss waren a si ginn och mat op d’Strooss.”
Si géing sech zwar engersäits vill Suerge maachen, anerersäits géing si et awer och gutt fannen, datt hir Famill un de Protester deelhëlt. Et wier een nämlech och net sécher, wann een net mat demonstréiert.
“Si erfannen da grad iergendeppes oder si ënnerstellen engem eppes, wat ee guer net gemaach huet, wat lo bei ganz villen Hiriichtungen de Fall war, zum Beispill bei deene jonke Bridder, déi virun zwee, dräi Joer higeriicht goufen. Ganz dacks gëtt Spionage als Grond geholl.” Aktuell wier et guer net méiglech, mat Leit am Iran ze kommunizéieren, well nieft dem Internet och den normalen Telefon an deels esouguer d’Elektrescht net funktionéiere géingen. Mam Satellittesystem Starlink kéint een zwar deemno wéi een Accès zum Internet hierstellen, mee richteg géing dat och net funktionéieren.
De Farshad Afsharimehr huet den Iran 1986 als politesche Flüchtling a Richtung Belsch verlooss. No Statiounen an den USA an am Katar ass hie mat senger Fra an hiren zwee Meedercher op Lëtzebuerg komm. Och hien huet nach ganz vill Famill an och Frënn an der aler Heemecht. Seng Eltere si virun engem Mount gestuerwen, an deem Kontext hat hien och fir d’lescht Kontakt mat der Famill.
“En fait c’était quand mon papa est décédé, j’ai eu du contact avec mon oncle qui a préparé toutes les cérémonies. Deux jours plus tard commençaient les démonstrations. J’attendais ma cousine parce qu’il y a encore des choses à faire pour que j’arrange des choses à distance mais depuis je n’arrive plus à les contacter.”
Genee wéi d’Elmira Najafi fillt hie sech schlecht, well e sou wäit vu senger Famill ewech ass an net hëllefe kann. Aner Länner hätte par Konter d’Méiglechkeet ze hëllefen a missten dat och maachen, esouwuel duerch politeschen an ekonomeschen Drock wéi och duerch eng militäresch Interventioun. Dat wier och am Interessi vun deenen anere Länner.
“Si le régime iranien tombe, ça va avoir des répercussions positives pour tout le monde, pour le monde entier. Parce que c’est un régime qui fait que créer du terrorisme et d’extrémisme. Il faut que ça s’arrête, on a besoin de respirer un peu, le monde a besoin de respirer, ça suffit.” Wat d’Zukunft ugeet, erhoffe sech esouwuel d’Elmira Najafi wéi och de Farshad Afsharimehr demokratesch Walen. Wéi genee deen neie politesche System soll ausgesinn, kënnen déi zwee nach net soen, mee op alle Fall sollen d’Mullahe keng Muecht méi hunn.
Wat d’Zuel vu Leit ugeet, déi bei de Protester bis elo ëm d’Liewe komm sinn, sou ass déi jee no Quell ganz ënnerschiddlech. Wärend vun offizieller Säit 2.000 Doudeger confirméiert ginn, schwätzt d’Oppositioun vun 12.000. A béide Fäll geet et dobäi esouwuel ëm Ziviliste wéi och ëm Membere vun de Sécherheetsautoritéiten.