SOS FaimDen Ukrain-Krich huet Repercussiounen op Hongerkrisen

Claude Zeimetz
De Krich an der Ukrain kéint den Honger an der Welt verschäerfen, warnen d'Vereenten Natiounen an ONGe wéi SOS Faim.
Marine Lefebvre vun SOS Faim am Interview
De Krich an der Ukrain kéint den Honger an der Welt verschäerfen, warnen d’Vereenten Natiounen an ONGe wéi SOS Faim.

SOS Faim: Méi Honger duerch de Krich / vum Claude Zeimetz

8 bis 13 Millioune Mënschen zousätzlech riskéieren net méi genuch z’iessen ze hunn, well déi russesch Invasioun d’Exporter aus der Ukrain a Russland gekappt huet an d’Präisser fir Grondliewensmëttel an Dünger explodéieren.

Mam Krich an der Ukrain hänkt besonnesch iwwert den Entwécklungslänner en Damoklesschwäert, huet et d’lescht Woch den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres formuléiert.

De Welternärungsprogramm vun der UNO krut d’Hallschent vu sengem Weess vun ukrainesche Stécker, déi elo am Krichsgebitt leien. 18 afrikanesch Länner hänken zu op d’mannst 50% vun Agrarimporter aus Russland an der Ukrain of. Dozou gehéieren de Burkina Faso, de Sudan, Somalia oder nach d’Demokratesch Republik Kongo.

Länner, an deenen elo scho Millioune Leit Honger leiden, déi scho wéinst den Onrouen an der Sahelzon, héijer Inflatioun a Scholde wéinst der Pandemie an dem Klimawiessel, den Dréchente gestruewelt hunn an déi elo zousätzlech ënner Drock sinn, seet d’Marine Lefebvre vun SOS Faim.

E Méindeg kommen d’europäesch Landwirtschaftsministeren fir e Conseil zesummen, op deem d’Liewensmëttelsécherheet am Fokus steet. Zanter Deeg héiert ee Stëmmen, déi besonnesch déi méi ekologesch Komponent vun der gemeinsamer Agarpolitik, d’Farm to Fork-Strategie a Fro stellen. Dat wier beonrouegend, fënnt d’Marine Lebevre, well domadder net nëmmen douce Fortschrëtter hannerfrot ginn, mä och den aktuellen Enjeuen absolut keng Rechnung gedroe géif. Grad de Krich an der Ukrain géif weisen, wéi wichteg et wier, fir fortzekomme vun der Ofhängegkeet vu groussen Agrarlobbyen an enger intensiver Landwirtschaft. D’Baueren am globale Süde misste vun hirer Aarbecht liewe kënnen, amplaz vu Subventiounen ofzehänken.

D’Solidaritéit mat de Mënschen aus der Ukrain wier natierlech wichteg a schéin ze gesinn, sou nach d’Marine Lefebvre, déi awer och warnt, et sollt een am aktuelle Kontext net déi aner Krisen, d’Hongersnéit an der Welt an all déi aner aner Leit, déi eis Solidaritéit verdéngen, vergiessen.

PDF: Pressecommuniqué vun SOS Faim

Back to Top
CIM LOGO