
Déi 16 Joer jonk Klima-Aktivistin, déi déi weltwäit Beweegung “Fridays for Future” an d’Liewe geruff huet, huet op déi dréngend Klimaschutzmoossname weltwäit opmierksam gemaach. Dat huet d’Right Livelihood Stëftung a Stockholm e Mëttwoch de Moien annoncéiert. Si verdeelen dëse Präis schonn zanter 1980.
Nieft dem Greta Thunberg ginn och d’Mënscherechtsaktivistin Aminatu Haidar aus Westsahara, d’chinesesch Fraerechtlerin Guo Jianmei, sou wéi de brasilianeschen Urawunner Davi Kopenawa a seng Vereenegung “Hutukara Yanomami” ausgezeechent.
D’Auszeechnung, déi de 4. Dezember zu Stockholm iwwerreecht gëtt, ass mat engem Präisgeld vun ëmgerechent 93.500 Euro dotéiert, dat awer net fir privat Zwecker geduecht ass, mä als Ënnerstëtzung fir d’Aarbecht oder den Engagement vun de Laureaten.