
An deem Ofkommes ass ee Spezialstatut fir déi ëmkämpfte Regioun virgesinn.
De President Selensky sot, dass domat de Wee fräi ass, fir ee Spezialsommet am sougenannten Normandie-Format mat Frankräich, Däitschland, der Ukrain a Russland. Een Datum soll scho ganz geschwënn fixéiert ginn.
D’Reegelung fir ee Spezialstatut tëscht deenen zwou Regiounen geet op eng Propose vum däitsche Bundespresident Frank Walter Steinmeier zeréck, dee sech a senger Zäit als Ausseminister fir sou eng temporär Léisung staark gemaach hat. Bei der Ëmsetzung dovun ginn et allerdéngs nach ënnerschiddlech Interpretatiounen. De Separatisten no soll se temporär gëllen, an dass geschwënn Walen ofgehale ginn an et eréischt dono zu engem Desarmement kënnt. Dem President Selensky no, dierften demokratesch Walen allerdéngs net a Präsens vu Waffen ofgehale ginn.