Brittescht KinnekshausD'Kréinung vum Kinnek Charles III. ass de 6. Mee 2023

RTL Lëtzebuerg
D'Zeremonie ass an der Westminster Abbey zu London.
© POOL/AFP/TOBY MELVILLE

De Buckingham Palace huet en Dënschdegowend Informatiounen iwwert déi feierlech Zeremonie verëffentlecht. Genee eng Woch virun der Finall vum Eurovision Song Contest, deen nächst Joer a Groussbritannien organiséiert gëtt, wäert d’Kréinung vum King Charles III. sinn. Geleet gëtt se vum Äerzbëschof vu Canterbury. Nieft dem 73 Joer ale Kinnek wäert och seng Fra Camilla gekréint ginn, heescht et weider aus dem Buckingham Palace.

Zanter 900 Joer gi brittesch Monarchen an der Westminster Abbey gekréint. Dass et beim Kinnek Charles eréischt 8 Méint no sengem Amtsuntrëtt esouwäit wäert sinn, ass net aussergewéinlech. Seng Mamm, d’Queen Elizabeth II., gouf nom Doud vun hirem Papp, dem King Goerge VI., de 6. Februar 1952 Kinnigin, hir Kréinung dogéint war eréischt den 2. Juni 1953. Esou eng Zeremonie brauch vill Virbereedungszäit, sou d’Erklärung vum Buckingham Palace.

D'Imperial State Crown vun de brittesche Monarchen.
D’Imperial State Crown vun de brittesche Monarchen.
© POOL/AFP/Archiv/Gareth Cattermole

Back to Top
CIM LOGO