EU-Agrifood-Missioun a MexikoLëtzebuerger Betriber gesinn Opportunitéiten, ma et bleift nach vill Aarbecht

Cédric Ferry
De Lëtzebuerger EU-Agrarkommissär Christophe Hansen ass den Ament zu Mexico-City. Dat am Kader vun enger EU-Agrifood-Mission. Wann alles no Plang leeft, soll Ugangs d’nächst Joer den éischten Deel vum "Modernized Global Agreement" tëscht der EU a Mexiko a Kraaft trieden.

Importtaxen an administrativ Hürde sollen domat ganz oder zu engem groussen Deel ofgeschaaft ginn. Den Ofschloss vun de Verhandlungen iwwert dëse moderniséierten Handelsaccord wier vun den Europäesche Liewensmëttelproduzente positiv opgeholl ginn, sou den Dirk Jacobs vun der Organisatioun "FoodDrinkEurope". Europäesch Entreprisë géingen aus verschiddene Grënn Opportunitéiten a Mexiko gesinn. Engersäits wiere béid Marchéë komplementar, anerersäits wiere Markeprodukter aus Europa a Mexiko gefrot.

Prinzipiell gutt Viraussetzungen also, och fir Lëtzebuerger Betriber, vun deenen der jo fënnef bei dëser Missioun dobäi sinn. Ma wéi gesi si deen neien Handelsaccord? Gëtt de mexikanesche Marché doduerch fir si méi interessant?

De Generaldirekter vu FoodDrinkEurope Dirk Jacobs
De Generaldirekter vu FoodDrinkEurope Dirk Jacobs

Wat de Mëllechsecteur ugeet, wier Mexiko fir d'europäesch Betriber aktuell nach keen interessante Marché, erkläert d'Julie Colard, Managerin fir Wirtschafts- an Handelsrelatioune bei der Associatioun "Eculait", déi d'Interesse vun den europäesche Mëllechproduzente vertrëtt.

Julie Colard, Managerin fir Wirtschafts- an Handelsrelatioune bei "Eculait"
Mëllechsecteur: Mexiko fir d'europäesch Betriber aktuell nach keen interessante Marché.

Fir de Gilles Gerrard, Generaldirekter vu Luxlait, geet et bei dëser Missioun virun allem drëms, sech ze informéieren. Konkret Pläng, fir Exporter a Richtung Mexiko ginn et nach keng, ma ëmmerhi konnt hie sech e Bild dovu maachen, wat potenziell mexikanesch Clientë sichen. Dat wiere virun allem Produiten, déi sech laang halen, ewéi zum Beispill UHT-Mëllech, awer och Produiten ouni Laktos oder mat vill Protein. Och bei der Ram géif et potenziell Interessi

Elo géing et drëms goen, sech am Detail mam neien Accord auserneenzesetzen an de mexikanesche Marché ze verstoen, fir potenzielle Clienten Offere maachen ze kënnen.

Europa ass de weltwäit gréisste Wäiproduzent, ma de Konsum géif awer ofhuelen. Virun deem Hannergrond géif den Export eng imminent Roll spillen, sou de Johannes Schmuckenschlager Vizepresident vun der Assemblée vun den europäesche Wäiregiounen AREV. Dowéinst wieren Accorden, ewéi deen, deen tëscht der EU a Mexiko ausgehandelt gouf, ganz wichteg. Notamment déi méi staark Protektioun vun de geographesche Labele kéint engem klengen Exporteur ewéi Lëtzebuerg an d'Kaarte spillen.

Wäinexport spillt imminent Roll fir europäesch Produzenten
Méi staark Protektioun vun de geographesche Labele kéint engem klenge Wäinexporteur wéi Lëtzebuerg an d'Kaarte spillen.

Mat de Privatwënzer Lëtzebuerg, den Domaines Vinsmoselles an den Domäner Alice Hartmann an L&R Kox, si jo direkt véier Acteuren aus dem Lëtzebuerger Wäibausecteur zu Mexico City present. Wat behale si vun dëser Missioun zeréck?

Fir den André Mehlen, Direkter vun den Domaines Vinsmoselles, hätt dës Rees gewisen, dass ee mat senge Produite präislech konkurrenzfäeg wier an och vun der Verankerung vun de geographesche Labelen am iwwerschafften Handelsaccord géing ee profitéieren.

Och fir déi onofhängeg Wënzer, géinge sech mam Accord nei Opportunitéiten opdoen, seet de Jean Cao, techneschen Direkter vun de Privatwënzer Lëtzebuerg. Bis den Accord a Kraaft trëtt, géing et elo virun allem drëm goen, Lëtzebuerger Wäiner a Mexiko méi bekannt ze maachen.

Fir de Jean Cao hätten d'Lëtzebuerger Wäiner d'Potenzial, sech um mexikanesche Marché ze etabléieren, notamment a méi klenge spezialiséierte Geschäfter. Dat géing net direkt passéieren, ma hie wier awer positiv gestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO