
Gutt zwou Woche no hirer Victoire bei de Kongresswalen hunn d'US-Demokraten de Fraktiounschef Hakeem Jeffries als Kandidat fir de Virsëtz vum Representantenhaus nominéiert. Hie wier den éischten Afroamerikaner, deen un der Spëtzt vun der Parlamentskummer steet. De 56 Joer alen Demokrat krut e Mëttwoch bei enger parteiinterner Ofstëmmung 251 Stëmmen, eelef Deputéiert hu géint hie gestëmmt. No senger Nominéierung huet hie sech kämpferesch a Richtung US-Regierung vum Donald Trump gewisen.
"Mir wäerten dofir kämpfen, datt wéinst der Korruptioun, déi hires Gläiche sicht, dem Chaos an der Grausamkeet, déi dem amerikanesche Vollek ugedoe gouf, d'Demokraten am Representantenhaus déi Onéierlech zu Rechenschaft zéien", esou den Jeffreys virun Journalisten. Seng Partei wäert dës "net als parteipolitesch, mä aus patriotesche Grënn" maachen. D'Vollek an den USA hätt "Besseres verdéngt".
Kuerz virdrun hat schonn den demokrateschen Deputéierte Robert Garcia Vertrieder vun der Trump-Regierung viru parlamentaresche Ënnersichunge gewarnt. An am ganzen zwielef Schreiwen huet de Garcia ënner anerem dem Trump seng Jongen Donald Jr. a Eric, säin Eedem Jared Jushner an de Vizepresident JD Vance opgefuerdert, Ënnerlagen fir méiglech parlamentaresch Enquêten ze halen. Dës betreffen dem Garcia no méiglech Interessekonflikter bei Geschäfter vun der Trump-Famill, presuméiert Iwwergrëffer op d'Awanderungspolitik an den Ëmgang vun der Regierung mat Akte vum verstuerwenen Sexualverbriecher Jeffrey Epstein.
D'Demokrate hate bei de Midterms Ufank November d'Majoritéit am Representantenhaus vun de Republikaner iwwerholl. Den Jeffreys steet zanter 2022 un der Spëtzt vun der demokratescher Fraktioun a war bei der Ofstëmmung ouni Géigekandidat ugetrueden. Ënnert den nei gewielte Parlamentarier vum lénke Parteifligel gëtt et awer Widderstand géint hien.
Déi formell Wal fir de Virsëtzende vum Representantenhaus ass op den 3. Januar fixéiert, wann den neie Kongress eng éischte Kéier zesummekënnt. Wéinst der däitlecher Majoritéit vun den Demokrate gëllt et als geséchert, datt den Jeffreys de Poste wäert kréien. Als Virsëtzende kéint hien ënner anerem Enquête géint d'Regierung vum President Donald Trump virundreiwen.