No Doud vu Fra op hirer SchaffParquet confirméiert op RTL-Nofro, datt Enquêten amgaange sinn

Roy Grotz
Ganz emotionell an emouvéiert waren d'Reaktiounen nom Suicide vun enger 47 Joer aler belscher Fra op hirer Schaff virun zwou Wochen hei am Land.
© Laurent Weber / RTL

Vill goung doropshin an de sozialen Reseauen, mee absënns och an der belscher Press, iwwert e méiglechen Harcèlement op der Schaff vun der Familljemamm rieds - all dëst sinn a bleiwe Rumeuren an net confirméiert Aussoen.

Och de Patron vun der Fra, eng Bank mat Dependancen hei am Land, huet bis ewell net an dëser dramatescher Affär kommunizéiert.

Op RTL-Nofro hi confirméiert de Parquet indirekt de Suicide vun der Fra, well et heescht, datt et bis ewell keng Indicen derfir ginn, datt aner Persounen um Doud de 5. November an de Bureaus-Räimlechkeeten um Wandhaff bedeelegt waren.

De Parquet confirméiert iwwerdeem weider, datt aktuell nach Enquêten amgaangen sinn, fir d'genee Ëmstänn vum Doud vun der Fra ze klären.

Vun engem méiglechen Harcèlement geet net rieds.

Nom Doud vun der Fra hat et ënnert anerem an der belscher Zeitung "L'Avenir" geheescht, datt d'Mamm vun zwee Kanner an der Uertschaft Habbay-la-Neuve net weider bekannt gewiescht ass, well et eng diskret Persoun gewiescht wier - d'Tragik vum Doud géif awer all d'Awunner vun der belscher Grenzuertschaft beréieren. D'Leed, dat d'Fra hätt missten op der Schaff erdroen, hätt si an den Doud gedriwwen, sou d'belsch Zeitung.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

Back to Top
CIM LOGO