81,3 Milliarden DollarAnthropic ass mat engem Rekord op der Bourse gestart

RTL Lëtzebuerg
De Succès war sou grouss, dass d'KI-Firma méi Aktien ugebueden huet wéi geplangt.
© SAMUEL BOIVIN/NurPhoto via AFP

Anthropic ass mat engem Rekord op der Bourse gestart. De KI-Entwéckler soll dobäi 81,3 Milliarden Dollar realiséiert hunn, wat méi ass ewéi erwaart a méi wéi de Rekord vu bis ewell: Dat ware 75 Milliarden vum Elon Musk senger Weltraumfirma Space X.

Ee vun de gréisste Konkurrente vum ChatGPT-Entwéckler OpenAI ass mat enger Bewäertung vu ronn 1,5 Billiounen Dollar un d'Bourse gaangen.
Wéinst enger immens héijer Nofro goufen amplaz vun den ursprénglech geplangten 825 Milliounen esouguer 980 Milliounen Aktien zu engem Präis vun 83 Dollar pro Aktie verkaf. Dat ass iwwer der virgesinner Präisspann vu 70 bis 78 Dollar.

Zousätzlech verkeeft Anthropic direkt un Investisseuren nach Aktien am Wäert vu ronn 26 Milliarden Dollar. Am Ganze bréngt d'Aktie-Emissioun domat méi wéi 107 Milliarden Dollar an d'Keess vum Betrib. Dat ass esouguer méi wéi de Rekord vu SpaceX, dat am Juni ongeféier 86 Milliarden Dollar ageholl hat.

Medieninformatiounen no war den Interessi enorm: Op eng Offer vu ronn 64 Milliarden Dollar koum eng Nofro vun ongeféier 500 Milliarden Dollar, wat weist, wéi staark Investisseuren op kënschtlech Intelligenz setzen.

Back to Top
CIM LOGO