Op der A7 huet et a Richtung Stad am fréien Nomëtteg géint 14:20 Auer kuerz no der Opfaart Waldhaff gerabbelt. Een Auto schéngt sech iwwerschloen ze hunn. Stad 15 Auer si béid Fuerbunne gespaart an et geet net laanscht. Et gëtt ee Réckstau vun op d'mannst ronn 4 Kilometer.
