
D’Präisser fir Liewensmëttel louchen de leschte Méint ëm 6,5% iwwert dem Niveau vun November 2019, wéi d’UN-Ernärungs- a Landwirtschaftsorganisatioun FAO zu Roum matgedeelt huet.
Eleng zanter Oktober notéiert de Präisindex mat knapp 4% déi héchsten Hausse pro Mount zanter Juli 2012 an erreecht domat den héchsten Niveau zanter Dezember 2014.
Wéinst Akommes, déi ewechfalen, a Präisser, déi ëmmer méi klammen, ass wéinst der Corona-Pandemie d’Ernärungssécherheet a ville Länner menacéiert. D’Pandemie verschäerft donieft déi onsécher Agrarkonditiounen, déi duerch Konflikter, Schädlingsbekämpfung, Wiederextremer, Stierm an Iwwerschwemmungen entstane sinn.
