Raumfaart- an Informatik-PionéierinD'Margaret Hamilton ass mat 90 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
No hiren Etüden an der Mathematik huet d'Hamilton um MIT Software fir den Apollo-Programm vun der NASA geschriwwen.
2016 krut Margaret Hamilton vum US-President Obama d'Presidential Medal of Freedom iwwerreecht.
2016 krut Margaret Hamilton vum US-President Obama d'Presidential Medal of Freedom iwwerreecht.
© SAUL LOEB/AFP

D'amerikanesch Wëssenschaftlerin an Nasa-Pionéierin Margaret Hamilton ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Wéi de Massachusetts Institute of Technology (MIT), un deem d'Hamilton laang gefuerscht huet, e Mëttwoch amerikanescher Zäit matgedeelt huet, wier den Doudeszäitpunkt schonn den 30. September gewiescht.

D'Margaret Hamilton gëllt als eng Pionéierin an der Raumfaart an an der Informatik. Si gouf 1936 zu Paoli am US-Bundesstaat Indiana gebuer. No hirem Bachelor an der Mathematik um Earlham College ass si 1959 an de Massschusetts geplënnert. Hei huet si vun 1965 un un der Entwécklung vu Programmer fir déi éischt Moundlandung geschafft. Vun 1968 war si d'Cheffin vun der Fuerschungsekipp, déi d'Bord-Software fir d'Apollo-Missioune vun der Nasa geschriwwen huet.

Déi éischt Mënsche sinn 1969 am Kader vun der Missioun Apollo 11 um Mound gelant.

Back to Top
CIM LOGO