
Eng Fra, déi am sechste Mount schwanger war, sollt an engem Spidol eng Infusioun mat Vitaminpräparater kréien. E Medeziner huet d’Patientin allerdéngs mat enger anerer verwiesselt an huet bei der falscher Fra, déi ënner Narkose stoung, ofgedriwwen.
Nodeems déi jonk Vietnamesin den Dag dorop mat staarke Bluddungen a Péng an d’Spidol zeréckgaangen ass, gouf de grave Feeler festgestallt. E Medeziner an eng Krankeschwëster hunn d’Verwiesslung alle béid zouginn.
Skurril ass de Fall virun allem, well a Süd Korea Ofdreiwungen illegal sinn. Nëmmen am Fall vun enger Vergewaltegung oder engem Noutfall dierf legal opgedriwwe ginn. Fraen, déi sech net un dëst Gesetz halen, kënne mat enger Prisongsstrof bis zu 2 Joer rechnen.
Wéi et a südkoreaneschen Zeitungen heescht, gëtt den Ament géint d’Personal ermëttelt. Hinne gëtt virgeworf, d’Identitéit vu béide Patientinnen virum Agrëff net iwwerpréift ze hunn.