
Als Grond nennt de Ministerpresident Markus Söder d’Hygiène-Moossnamen, déi ze schwéier anzehale wieren. Dorop hätt hie sech en Dënschdeg mam Münchener Buergermeeschter Dieter Reiter gëeenegt.
D’Oktoberfest sollt vum 19. September bis de 4. Oktober sinn. Iwwer 6 Millioune Mënsche gi sech um weltwäit gréisste Volleksfest all Joer erwaart. “Fir vill Leit ass et den Highlight vum Joer, dass et huet missen annuléiert ginn, wier eng batter Pëll”, sou den Dieter Reiter. Och wirtschaftlech wäert dëst massiv Suitten hunn. Rechent een d’Hotelsiwwernuechtungen an d’Taxiswiesen dobäi, ginn um Oktoberfest all Joer tëscht 1,2 an 1,3 Milliarden Euro ëmgesat.
Och aner Volleksfester goufen ofgesot, dorënner d’Gäubodenvolksfest zu Straubing, wou all Joer am August bis zu 1,4 Millioune Leit erwaart ginn.
E Mëttwoch gouf vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel zesumme mat alle Ministerpresidenten decidéiert, sämtlech gréisser Manifestatiounen an Däitschland bis den 31. August z’annuléieren.
Am 19. Joerhonnert gouf et schonn emol wéinst enger Seuch keen Oktoberfest. Wéinst der Cholera gouf d’Fest 1854 an 1873 ofgesot. Och zu Krichszäite gouf et dacks keen Oktoberfest, grad wéi 1923 an der Phas vun der Hyperinflatioun.
