
Op Twitter an op enger Pressekonferenz sot den amerikanesche President, d’WHO hätt de Kampf géint de Coronavirus sou „richteg vermasselt“. Den Eescht vun der Situatioun wär erof gespillt ginn an et wär sech ze vill op China konzentréiert ginn.
Schold sinn also – alt nees emol – déi aner, mä Kritik un der WHO koum awer och scho vun anere Säiten.
De Chef vun der WHO weist dem Trump seng Kritik zréck. De Virus ze politiséiere wär geféierlech. Hie fuerdert Solidaritéit amplaz sech d’Schold zouzeweisen.
Hien hat awer och zouginn, datt och d’Weltgesondheetsorganisatioun Feeler gemaach huet. No der Pandemie sollt een d’Reaktioun vun der WHO analyséieren.
