Groussbritannien trauert ëm d’Queen Elizabeth II. Si ass en Donneschdeg am Alter vu 96 Joer verscheet. Déi brittesch Kinnigin, déi dëst Joer hire 70. Trounjubiläum gefeiert huet, huet an der Lescht ëmmer nees offiziell Rendez-vouse wéinst gesondheetleche Grënn missen ofsoen. Sou huet si zum Beispill fir d’éischte Kéier zanter bal 60 Joer bei der zeremonieller Erëffnung vum Parlament gefeelt. De Prënz Charles hat si fir iwwerholl. Am Februar hat sech d’Monarchin mam Coronavirus infizéiert. E schlëmme Krankheetsverlaf hat si glécklecherweis net. Mat Mobilitéitsproblemer hat d’Queen schonn zanter enger Zäit ze kämpfen. Am Oktober 2021 gouf si fir d’éischte Kéier zanter 17 Joer bei enger Gedenkfeier mat engem Bengel gesinn. Eng Woch méi spéit huet si missen an d’Spidol.
D’Elizabeth Alexandra Mary ass den 21. Abrëll 1926 zu London als Niess vum Kinnek Edward VIII. op d’Welt komm. Wéi den Edward 1936 ofgedankt huet an hire Papp, den George VI., Kinnek ginn ass, war kloer, datt d’Elizabeth II. d’Trounfollgerin wier. An den nächste Joren ass si systematesch op hir zukünfteg Roll virbereet ginn. 1940, ee Joer nom Ufank vum Zweete Weltkrich, huet d’Elizabeth II. am Alter vu 14 Joer hir éischt Ried gehalen, bei där si sech un d’Kanner a Groussbritannien an dem “Commonwealth-Staatebund” geriicht huet.
Wärend dem Krich hat si sech och dem Hëllefsdéngscht ATS ugeschloss, wou si de Fürerschäin gemaach huet an als Auto-Mecanicienne a Camionschauffesch ausgebilt gouf. Ee Joer, nodeems si mam Prënz Philip vu Griicheland bestuet gouf, ass 1948 hiren Trounfollger, de Prënz Charles, op d’Welt komm. Mam Anne, Andrew an dem Edward krut si spéider nach dräi weider Kanner.
Am Februar 1952 ass hire Papp, de Kinnek George VI., no laanger Krankheet gestuerwen. Déi jonk Prinzessin war dee Moment mat hirem Mann a Kenia, wou si mat nëmme 25 Joer zur Kinnigin proklaméiert gouf. 16 Méint méi spéit ass si den 2. Juni 1953 an der Westminster Abbey gekréint ginn. Als Staatscheffin, net nëmme vu Groussbritannien, mä och vu 16 weidere Staaten, hat si trotzdeem nëmme wéineg Pouvoir. Zu hire Representatiounsflichten huet ënnert anerem déi alljärlech Ouverture vum Parlament am “House of Lords” zu London gehéiert.
A 70 Joer um Troun vum Vereenegte Kinnekräich huet d’Kinnigin Elizabeth II. scho 16 Regierungscheffe materlieft. Deen éischte war de Winston Churchill. Zanter hirer Kréinung huet d’Monarchin sech - esou wëll et Traditioun - all Woch ënnert véier Ae mam aktuelle Premierminister getraff, fir iwwert déi aktuell Lag vu Groussbritannien ze schwätzen. Wat bei deene Gespréicher beschwat gëtt, ass nach ni aus de Palaismaueren erauskomm. Eréischt de 6. September 2022 hat d’Queen d’Liz Truss als Nofollgerin vum Boris Johnson ernannt.

1969 huet d’Queen hiren eelste Bouf als Prënz vu Wales agesat an domat seng Suite als Trounfollger zementéiert. 1981 ass de Prënz Charles mat der Lady Diana bestuet ginn. Et war eng Zäit voller Skandaler fir dat brittescht Kinnekshaus. Am Joer 1992 hunn déi zwee hir Scheedung bekannt ginn, déi véier Joer drop vollzu gouf.
Am August 1997 ass d’Prinzessin Diana bei engem Autosaccident zu Paräis ëm d’Liewe komm. Der “Prinzessin vun den Häerzer” hiren Doud war eng weider schwéier Kris fir d’Kinnekshaus: D’Elizabeth II. ass an d’Kritik geroden, well si de royale Fändel iwwert dem Buckingham Palace net op Hallefmast fléie gelooss huet. De Grond: kinnekleche Protokoll. E Kompromëss gouf fonnt an de Union Jack ass amplaz op Hallefmast geflunn. An engem seelenen Optrëtt ass d’Kinnigin da mam Prënz Philip virun de Buckingham Palace getrueden, fir sech d’Blummen an d’Undenken unzekucken, déi vun de Mënschen am Trauer niddergeluecht goufen.
An all de Joren ass d’Queen besonnesch vun hirer Mamm, déi och “Queen Mum” genannt gouf, bei hire Flichten als Kinnigin ënnerstëtzt ginn. 2002 ass d’Elizabeth Bowes-Lyon am Alter vun 101 Joer gestuerwen.
2007 huet d’Queen Elizabeth II mat 81 Joer, siwe Méint an 29 Deeg d’Queen Victoria (1819-1901) als déi eelste Monarchin vu Groussbritannien iwwerholl. Dräi Joer drop huet si de Poopst Benedikt XVI. fir deen éischte Staatsbesuch vun engem Poopst am anglikanesche Groussbritannien empfaangen.
2011 gouf hiren Enkel William mat senger laangjäreger Frëndin Kate Middleton zu London bestuet. Zwee Joer drop ass der Queen hiert éischt Urenkelkand, den George of Cambridge, op d’Welt komm. Mam Charlotte an dem Louis koumen dann zwee weider Urenkel dobäi. 2018 ass och hire jéngsten Enkel bestuet ginn. E Bestietnis, dat fir vill Opreegung gesuergt huet a Spueren an der Bezéiung tëscht der Altesse an dem Prënz Harry hannerlooss huet. Well den Harry an d’Meghan an den USA liewen, hat d’Kinnigin Elizabeth II. wéineg Kontakt mat hiren Urenkelen Archie a Lilibet.
Nieft hirem 65. Trounjubiläum 2017, dee si net grouss feiere wollt, well dësen op den Doudesdag vun hirem Papp gefall ass, huet si dat selwecht Joer hire 70. Hochzäitsdag mam Prënz Philip zelebréiert. De Philip stoung bis zu sengem Doud ëmmer un der Säit vu senger Fra. Den 9. Abrëll 2021 ass hien, zwee Méint viru sengem 100. Gebuertsdag, um Schlass Windsor gestuerwen. No 73 Joer Bestietnis huet d’Queen Elizabeth II. hirem Mann missen Äddi soen. Wéinst der Pandemie leider mat vill Ofstand zu hirer Famill. Ma wéi sollt et och anescht sinn: Nëmmen e puer Wochen nom Doud vun hirem Mann ass si hire Flichten als Kinnigin schonn nees nogaangen.

Am Februar 2022 war si mat 70. Joer um Troun déi déngschteelste Monarchin op der Welt an déi eenzeg brittesch Kinnigin an der Geschicht, déi esou laang gedéngt huet. Hir zu Éiere gouf uechter ganz Groussbritannien an an de Stied vum Commonwealth e richtege Fest-Marathon organiséiert. Haaptattraktioun vun de sëllege Festivitéite war e Concert virum Buckingham Palace mat der brittescher Band Queen.
Zousätzlech goufen a ganz Groussbritannien an an de Stied vum Commonwealth Liichterketten ugefaangen, eng Traditioun, déi et zanter dem 19. Joerhonnert gëtt. D’Kinnigin selwer war bei der Zeremonie op Schlass Windsor present.

Freides war déi traditionell Mass an der St.-Pauls-Kathedral. D’Kinnigin war net bei der Mass derbäi, huet sech awer vum enke Familljekrees vertriede gelooss. Ënnert den iwwer 2.000 Gäscht war den Trounfollger Prënz Charles a seng Fra Camilla souwéi de Prënz William mat senger Fra Kate.
De Schluss vu de Feierlechkeeten sonndes huet déi grouss Jubiläumsparad zesumme mam Militär gemaach. Iwwer 10.000 Mënsche waren doru bedeelegt. Deen Ament gouf besonnesch un de verstuerwene Prënz Philip geduecht.
Fir den Ofschloss vun de Feierlechkeeten huet d’Queen sech nach eemol virum Vollek gewisen. Déi 96 Joer al Monarchin huet vum Balcon vum Buckingham Palace zu London gewénkt.

En Ofdanke vun der Queen stoung ni zur Diskussioun. Verschidde Biografen hu si als humorvoll a schaarfsënneg beschriwwen, Kritiker hu si - virun allem nom Doud vum Diana - als ofweisend charakteriséiert. Trotzdeem war d’Queen bei hirem Vollek an am Ausland immens beléift. D’Kinnigin Elizabeth II. war eng exzeptionell Fra, déi op mouvementéiert Zäite konnt zréckkucken. Si huet déi brittesch Monarchie duerch schwéier Zäite gefouert, dorënner Krich an de Brexit.