China / PekingD'Sécherheetsmesure géint de Coronavirus gi verschäerft

RTL Lëtzebuerg
Leit, déi vu bausse kommen, mussen an der chinesescher Haaptstad 2 Woche laang a Quarantän kommen.

Duerno musse se eng weider Woch doheem ënnert Observatioun bleiwen. Domadder sinn d’Leit 3 Woche laang vun der Baussewelt ofgeschnidden.

De chineseschen Autoritéite no ass d’Ausbreede vum Virus a China ënnert Kontroll, allerdéngs maachen, d’Leit, déi an d’Land reesen, den Autoritéite Suergen, datt si de Virus nees kéinten an d’Volleksrepublik schleefen. Gëschter waren 30 nei Infektioune gemellt ginn, 23 dovunner sollen importéiert gi sinn.

Back to Top
CIM LOGO