Wichteges aus de leschte StonnenD'Situatioun an der Ukrain gëtt ëmmer méi oniwwersiichtlech

Petz Bartz
Moskau a Kiew werfe sech géigesäiteg vir, d'Wafferou fir d'Stad Mariupol gebrach ze hunn, déi sollt agehale gi fir humanitär Korridoren.
D'Situatioun an der Ukrain gëtt ëmmer méi oniwwersiichtlech
Moskau a Kiew werfe sech géigesäiteg vir, d’Wafferou fir d’Stad Mariupol gebrach ze hunn, déi sollt agehale gi fir humanitär Korridoren.

De russesche Präsident verurteelt déi westlech Sanktiounen iwwerdeems als “Krichserklärung” an déi westlech Medie kréien d’Aarbecht a Russland ëmmer méi schwéier gemaach.

Dee Krich, dee Russland féiert, ass och dee vun der digitaler Desinformatioun an de Ligen. All Moie fänkt domat un, dass den ukrainesche President Selenskyj sech a sengem Büro oder an engem bekannte Staddeel vu Kiew selwer filmt, fir ze weisen, dass déi Rumeuren, déi de Kreml nuets iwwer Telegram street, dass de President mëttlerweil aus dem Land geflücht wier, Brach sinn. Nach e Samschdeg den Owend war de Selenskyj vu Kiew iwwer Videolink op Friddensprotester, ënnert anerem zu Frankfurt an zu Prag, bäigeschalt ginn. Mat Nodrock verlaangt hien nach ëmmer vun der NATO eng sougenannt “no-fly-zone” fir d’Ukrain duerchzesetzen, eng Zon, fir déi et keng Iwwerfluchrechter géif. Wien déi net géif duerchsetzen, géif sech mat schëlleg maachen um Dout vu senge Leit um Buedem. Fir d’NATO awer ginn et Bedenken, dass eng “no-fly-zone” séier kéint zu engem Krich géint ganz Europa féieren. Vun esou engem géint en nuklear-arméiert Russland wéilt een awer ofgesinn.

Déi russesch Arméiféierung selwer hat en Zäitplang vu 5 Stonne gesat, fir eng Evakuéierung vun Zivilisten aus de Stied Mariupol a Wolnowacha. D’Operatioun huet awer missen ofgebrach ginn, well de russesche Militär déi éischt Evakuéiert op de virgesinne Strecken ënner Artilleriebeschoss geholl hat.

D’Iryna Wereschtschuk, ukrainesch Vizepremierministesch:

“Ech ka confirméieren, dass Russland d’Ofkommes gebrach huet, an deem d’Rout Kräiz den Intermediaire war. Russland huet seng Flicht net agehalen an d’Stied weider bombardéiert. Et ass verréckt. Et ass wéi a Syrien hei. Ech hunn dat ëmmer suivéiert, mee ech hu ni geduecht, dass d’Russen eng Kéier hannert eis hier wieren. Wat e Leed. Mee d’Ukrainer wäerte staark bleiwen an de Feind strofen.”

De Weste strooft Russland weider mat Sanktiounen. Zara, Louis Vuitton, Paypal a Samsung hunn och elo Russland verlooss. Italien huet Villaen a Yachten am Wäert vun 140 Milliounen euro vu russeschen Oligarchen op der Sanktiounslëscht confisquéiert. Greenpeace huet virum Hafe vun Hamburg e Gidderschëff mat 100.000 Tonne Kuel ofgefaangen. D’Ofhängegkeet vu fossille Brennstoffer misst ophalen an déi Milliarden, déi Russland doru verdéngt, géifen de Krich weiderdreiwen, sou de Message vun der Ëmweltorganisatioun.

A fir de Vladimir Putin war et e relaxen Dag zu Moskau an der Gesellschaft vun enger charmanter Delegatioun vun 20 Madamme Kabinnepersonal vun der russescher Aeroflot. D’Dëscher sinn nach ëmmer esou grouss, mee d’Sëtzuerdnung war e Samschdeg bedeitend méi enk wéi soss. D’Aeroflot huet all international Flich annuléiert bis op een: an dee geet vu Moskau op Minsk a Belarus.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO