
Ënner anerem zu Dubai an Abu Dhabi wäre schonn Ziler definéiert ginn. Dës kéinten zu all Ament viséiert ginn, huet de Militär-Spriecher vun de Rebellen um Mëttwoch gewarnt. D’Huthie géifen net laang zécken, sollten déi „feindséileg Operatiounen“ am Jemen net ophalen.
Déi Vereenten Arabesch Emirater sinn Deel vun der Militär-Koalitioun, déi vu Saudi-Arabien ugefouert gëtt an am Jemen géint d’Huthie kämpft. Si consideréieren d’Rebellen als Alliéiert vum Äerzrival Iran.
Den Zäitpunkt vun der Huthi-Menace dierft keen Zoufall sinn, gëtt dach den US-Ausseminister Mike Pompeo um Donneschdeg an den Emiraten erwaart.
Fir hie sinn d’Attacken op d’Pëtrolsraffinerien a Saudi-Arabien eng Krichshandlung. Dat sot den US-Aussenminister bei senger Visitt an der saudescher Hafestad Dschidda, wou hien de Krounprënz Mohammed bin Salman getraff huet, fir ze koordinéieren, wéi een der iranescher Aggressioun an der Regioun entgéintwierke kéint.
Domadder klëmmt den Drock op den Iran, dee jo vun den USA a Saudi-Arabien beschëllegt gëtt, fir déi vun den Huthi Rebelle revendiquéiert Dronenattacke responsabel ze sinn.
Den Donald Trump hat e Mëttwoch schonn iwwer Twitter ugekënnegt, d’Wirtschaftssanktioune géint den Iran nach weider ze verschäerfen. Detailer iwwer déi nei Sanktiounen géif hie bannent den nächsten 48 Stonne matdeelen, esou den US-President.