
An den USA beméit sech de President Trump zwar weider, den Ausmooss vun der Kris a sengem Land erofzespillen, mä d’Zuele schwätzen eng kloer Sprooch. Dem Trump no läit déi héich Zuel vun Infizéierten drun, datt méi Tester gemaach ginn. A Länner wéi China géif een net wëssen, wat lass ass, well déi richteg Zuele géife feelen. An den USA geet een awer vun enger nach vill méi héijer Donkelziffer aus.
Besonnesch zu New York ass d’Situatioun dramatesch. De Gesondheetssystem an d’Spideeler sinn elo schonn iwwerlaascht. Haut dierften d’Intensivbetter all besat ginn – an dat Schlëmmst ass zu New York nach net laanscht.
Weltwäit ginn et bis ewell méi wéi 550.000 Fäll. Aktuell sinn d’USA, Italien a Spuenien am meeschte betraff.
China huet de Virus am Land fir de Moment am Grëff. D’Chinese fäerten awer, datt d’Areese vun infizéierte Mënschen aus dem Ausland fir eng zweet Infektiounswell kéint suergen. Bis ewell sinn eng 540 sou Fäll bekannt.
Dowéinst ginn d’Grenzen elo fir déi meescht Auslänner zougemaach. D’Fluchverbindunge vu China an d’Ausland ginn drastesch reduzéiert.

An Italien berouegt sech d’Situatioun net wierklech. Zanter dem 9. Mäerz gëllt do schonn eng Ausgangsspär, mä d’Zuele ginn net richteg zréck. 662 Doudeger goufen elo nees bannent engem Dag registréiert. Zu Bergamo stierwe 7 Mol méi Leit wéi soss. Och d’Zuel vun den Infektioune geet weider an d’Luucht.
Um Freideg den Owend gëtt et dann zu Roum virum Péitersdoum e speziellen „Urbi et orbi“ vum Poopst - dat gëtt et soss just Ouschteren a Chrëschtdag. An e Gebiet fir all d’Affer vun der Pandemie.
