Lëtzebuerger Internist a Virolog Thierry Rolling"D'USA hunn ze spéit ugefaangen, d'Leit op de Coronavirus ze testen"

Lynn Cruchten
Am RTL-Interview huet eis e Lëtzebuerger Internist erzielt, wéi d'Corona-Situatioun den Ament an der amerikanescher Milliounemetropol ass.
Coronavirus zu NY: Andréck vu Lëtzebuerger Dokter
Am RTL-Interview huet eis e Lëtzebuerger Internist erzielt, wéi d’Corona-Situatioun den Ament an der amerikanescher Milliounemetropol ass.

An den USA breet sech de Coronavirus weider aus. Mat knapp 800.000 confirméierte Fäll sinn d’USA weltwäit dat Land mat de meeschte Corona-Infizéierten. Méi wéi 42.000 Mënsche sinn antëscht um neie Virus gestuerwen. Déi meescht dovun am Bundesstaat New York. De Lëtzebuerger Thierry Rolling ass Internist an Infektiolog. Hie wunnt a schafft zanter engem Joer zu New York an huet eis an engem Interview seng Andréck vun der Plaz matgedeelt.

“D’USA hunn ze spéit ugefaangen, d’Leit op de Coronavirus ze testen”, dat seet de Lëtzebuerger Internist an Infektiolog Thierry Rolling.

D’USA hu jo ënnert anerem hiren eegenen Test wollten entwéckelen an dat huet véier bis 6 Woche kascht. Zäit an där vill Leit de Virus viru ginn hunn, ouni et ze wëssen.

D’Resultat ass, datt d’United States of America, den Epizentrum vun der Pandemie sinn. Besonnesch uerg huet et de Bundesstaat New York erwëscht, och wann d’Zuel vun de Leit, déi bannent 24 Stonne gestuerwe sinn, elo zwee Deeg am Stéck ënnert 500 bliwwen ass.
De Virus kennt keen “aarm” a “räich” an awer leiden zu New York virun allem déi sozial Schwaach.

Och an de Spideeler decidéieren d’Suen driwwer, ob ee gutt opgestallt ass oder net. Dat heescht ob ee Schutzmaterial huet oder eben net.

An 3 Woche wëll de President Trump erëm ufänken, d’Wirtschaft ze relancéieren a vill Amerikaner hoffen, datt d’Situatioun sech séier normaliséiert.

Millioune Leit hu bis elo hir Aarbecht verluer. De grousse Problem ass, datt d’Krankeversécherung an den USA dacks mam Job zesummenhänkt.
Keng Schaff méi bedeit dofir dacks anengems och keng Assurance, wann ee krank gëtt.

Wéi iwwerall op der Welt gëtt dofir an den USA op e Vaccin gehofft. Dee gëtt et awer sécher net virum Enn vun dësem Joer, seet den Thierry Rolling. Fir méi warscheinlech hält de Lëtzebuerger Dokter et awer, datt et nach bis Mëtt d’nächst Joer dauert, bis ee sech géint de Coronavirus kann impfe loossen.

Andréck vu Washington vum Philip Crowther

An den USA bleift d’Situatioun op alle Fall ugespaant wéinst dem Coronavirus. Ënner Drock steet awer och de President. Den Donald Trump huet den Amerikaner e grousse wirtschaftleche Comeback versprach. De Philip Crowther huet eis erkläert, wéi d’Wäisst Haus u Retour an d’Normalitéit schafft, wéi eescht d’Manifestatioune géint d’Aschränkungen ze huele sinn, ob d’Pandemie den eenzege Grond ass a wisou den Donald Trump d’Immigratioun an den USA stoppe wëll.

Andréck vu Washington vum Philip Crowther
An den USA bleift d’Situatioun op alle Fall ugespaant wéinst dem Coronavirus. Ënner Drock steet awer och de President.

Back to Top
CIM LOGO