
Dat war duebel sou vill wéi am Joer 2017.
Wéi d’New York Times schreift, wieren déi betraffe Konzerner allerdéngs mat dru Schold, dass sech kannerpornografescht Material ëmmer méi verbreet. Wéi et heescht, géifen nämlech weder Facebook nach Google genuch dogéint virgoen a géifen och net adequat mat den Autoritéiten zesummeschaffen. Ähnlech wéi bei Haassrieden an terroristescher Propaganda.
Weider kritiséiert d’New York Times, dass den amerikanesche Justizministère senger Informatiounsflicht net nokënnt a bis ewell och keng héichrangeg Beamten nominéiert hätt, déi mat der Poursuite vun sou Strofdoten solle chargéiert ginn.
Der Zeitung no ginn op de Fotoe Kanner gewisen, déi deelweis eréischt 3-4 Joer al sinn. Si gi sexuell mëssbraucht an a verschiddene Fäll souguer gefoltert. Donieft géifen Online-Gruppen speziell Techniken an den Darknet benotzen, fir Pädophillen ze erklären, wéi si kannerpornografescht Material enregistréieren a weltwäit kënne verbreeden.
D’New York Times huet eegenen Donnéeën no iwwer 10.000 Säiten aus Police- a Geriichtsdokumenter analyséiert. Donieft hätten d’Journalisten Tester gemaach, fir ze préiwen, wéi illegal Fotoe mat Hëllef vu Sichmaschinne kënne fonnt ginn. Déi meescht Fotoe wiere wuel an de leschte Joren an anere Länner gemaach ginn, bei der Verbreedung géifen d’USA awer eng zentral Roll spillen.