
Déi amerikanesch John Hopkins Universitéit dogéint huet ronn 96.000 Neiinfektiounen a ronn 1.400 Doudeger an Däitschland gemellt.
Déi ënnerschiddlech Zuelen kommen dohier, dass d’Robert Koch-Institut just déi elektronesch Zuele berécksiichtegt, déi aus de Bundeslänner kommen an dat och just 1 Mol den Dag.
Wat awer däitlech aus den Zuelen ervirgeet: d’Verbreedung vum Covid-19 huet iwwer de Weekend liicht un Tempo verluer, mä d’Zuel vun den Doudegen dierft nach klammen. Dat Schlëmmst géing nach kommen, warnt d’Robert Koch-Institut. Am meeschte concernéiert sinn d’Bundeslänner Bayern an Baden-Württemberg.
