Niddreg ParticipatiounD'Walen a Frankräich goufen trotz dem Coronavirus duerchgezunn

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ware 47,7 Millioune Fransousen opgeruff bei de Gemengewalen ofzestëmmen. D'Participatioun loung bei engem Rekorddéif. Rieds geet vu 46%.

Bis ewell gesäit et sou aus, wéi wann déi Gréng gutt ofgeschnidden hätten, speziell an de grousse Stied.

Et gouf och vill Kritik, datt d’Wale wéinst der Epidemie net verluecht goufen. Elo gëtt och gefuerdert, datt den zweeten Tour geréckelt gëtt. Dee war fir den 22. Mäerz geplangt.

An de Walbüroe goufe wéinst der Infektiounsgefor speziell Mesurë getraff, fir de Risiko vun enger Infizéierung ze limitéieren. Eeler Wieler hunn dierfe fir d’éischt wiele goen, et gouf e Mindestofstand an et stoung Desinfektiounsgel prett.

Frankräich: Shutdown fir “verzichtbar” ëffentlech Plazen

Back to Top
CIM LOGO