SpuenienE Stuerm huet a Katalounien en déidlechen Zuchaccident provozéiert

AFP, iwwersat vun RTL
An der spuenescher Regioun Katalounien sinn zwou Persoune bei engem Stuerm ëm d'Liewe komm. Eng dovun, well d'Wieder en Zuchaccident provozéiert huet.
© LORENA SOPENA LOPEZ/Anadolu via AFP

Zwee Deeg nom fatale Crash tëscht zwee Schnellzich bei Cordoba, bei deem 42 Leit hiert Liewe verluer hunn, koum et en Dënschdeg a Katalounien och zu engem déidlechen Tëschefall. E Regionalzuch krut eng Mauer ze paken, déi an der Suitte vun engem Stuerm, duerch en Äerdrutsch op d’Schinne gefall war. Dobäi ass de Maschinist ëmkomm an op d’mannst 37 Passagéier goufe blesséiert. Antëscht si fënnef Schwéierblesséierter confirméiert.

Eng weider Persoun ass ëm d’Liewe komm, wéi hiren Auto vum Waasser erfaasst gouf.

An der nord-ëstlecher Regioun a Spuenien war wéinst engem Stuerm, mat massivem Reen, deen zu Iwwerschwemmungen a Bullislawinen gefouert huet, eng Alerte rouge ausgeruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO