Um Mëttwoch de MoienEe Camion huet zu Ehrang (D) een Deel vun engem Haus matgeholl
Ee Camionschauffer wollt déi Säit vun der däitscher Grenz um 10.25 Auer mat sengem Gefier duerch ee Passage ënnert dem Iwwerbau vun engem Haus fueren.
Derbäi ass de Camion mat engem Deel vum Haus kollidéiert. Blesséiert gouf keen. D’Stabilitéit vum Gebai muss elo iwwerpréift ginn.