15 Joer ale Verdächtege festgehollEen Doudege bei neier Messerattack a Schoul a Polen

AFP, iwwersat vun RTL
Een Dag no engem Messerugrëff an Schoul a Polen huet e weidere Schüler bei Warschau mat engem Messer op Leit agestach.
Einen Tag nach einem Messerangriff mit neun Verletzten an einer Berufsschule in Polen hat sich an einer Schule nahe Warschau eine tödliche Messerattacke ereignet. Ein 15-Jähriger erstach die Hausmeisterin seiner früheren Schule.
Op en Neits gouf et eng Messerattack an enger Schoul a Polen.
© AFP

Een Dag no engem Messerugrëff mat néng Blesséierten op enger Beruffsschoul a Polen gouf et en Donneschdeg eng déidlech Messerattack an enger Schoul bei Warschau. Ee 15 Joer ale Jong hätt d'Concierge vu senger fréiere Schoul erstach an zwee weider Erwuessener blesséiert. No der Dot zu Leszcydol-Nowiny, enger klenger Plaz 70 Kilometer ëstlech vu Warschau, gouf de presuméierten Täter festgeholl.

Déi 37 Joer al Concierge wier no der Attack un hire Blessure gestuerwen, erkläert d'Police op X. Een Enseignant an de Schouldirekter hätten den Ugräifer iwwerwältege kënnen, obwuel hie si mat sengem Messer ugegraff hätt, heescht et vun der Policespriecherin Katarzyna Kucharska.

En Donneschdegmoie gouf zu Sierpc, 125 Kilometer nordwestlech vu Warschau, nach e 17 Joer ale Jong festgeholl, deen annoncéiert hat, a senger Schoul "eppes Groussaarteges" ze maachen. D'Police huet a senger Wunneng eng Posch mat zwee Messere fonnt.

E Mëttwoch hat en 19 Joer ale Jong zu Ostroleka ronn 120 Kilometer nërdlech vu Warschau Schüler, Proffen a Passante mat engem Messer attackéiert an dobäi néng Leit blesséiert. Och hie gouf festgeholl.

Dem Parquet no huet den 19 Joer Ale missen am Spidol behandelt ginn, well hie sech selwer blesséiert hat. Seng Affer ware fënnef Schüler, zwee Proffen an zwee Passanten. Liewensgefor gouf et bei kengem vun hinnen. An enger Posch, déi hien an der Schoul gelooss hat, hunn d'Ermëttler Sprengstoff fonnt.

Wéinst dëse Virfäll huet de polnesche Regierungschef Donald Tusk eng Krisesëtzung aberuff.

Back to Top
CIM LOGO